Vu Caritas bis Cenaro, vu Luc Frieden bis Donald Trump: Am Podcast „On the Record“ schwätzen d’Journalistinnen a Journaliste vu Reporter.lu all Woch iwwert d’Hannergrënn vun der Aktualitéit. An eisem Iwwerbléck weist sech, wéi eng Themen op de gréissten Interessi gestouss sinn.
De Podcast „On the Record“ gëtt pro Mount am Schnëtt vu 7.200 Persoune gelauschtert. Op de gängege Plattforme wéi Spotify oder Apple Podcasts hu ronn 4.000 Leit en abonéiert. Dat ass de reng quantitativen Tëschebilan vun eisem Podcast, deen zanter knapps zweeanenhallef Joer all Freideg op Reporter.lu publizéiert gëtt. Am Réckbléck weist sech awer och, wéi eng Panoplie vun Themen an deene bal 140 Episoden „On the Record“ behandelt goufen – an och wéi eng dovunner eis Nolauschterinnen a Nolauschterer op de gréissten Interessi gestouss sinn.
Politesch Kulissen a politesch Affären
Déi meescht gelauschtert Episod aus dem Joer 2024 hat den Titel „Personalkarussel an de Ministeren“ an huet sech domat beschäftegt, datt déi nei Regierung de Staatsapparat mat hire Leit besetzt. Et ass ee Phänomen, deen och viregt Regierunge schonn esou gemaach hunn, wéi an der Podcast-Folleg beschwat gouf.
Déi zweet bescht gelauschtert Episod huet sech mat engem Thema befaasst, deem méi wéi eng Folleg gewidmet war. Et ass dat déi wuel spektakuläerst Affär vum ganze Joer, nämlech de Fall vun der Caritas. Reporter.lu huet ganz fréi nom Opkomme vun dëser Affär probéiert, an der Episod „D’Affär Caritas – vill Suen an oppe Froen“ en éischten Iwwerbléck an Aschätzungen dozou ze ginn.
Dono hunn sech d’Journaliste mat der „politescher Ofwécklung vun der Caritas“ an der Fro „Wéi geet et an der Caritas-Affär weider?“ befaasst. A kuerz viru Joresenn hunn d’Journalistinne Laurence Bervard a Véronique Poujol nach eemol de Point vun der Affär gemaach.
Op ganz vill Interessi bei de Nolauschterer ass och déi Podcast-Episod gestouss, wou de Chefredakter vu Reporter.lu, de Christoph Bumb, Äntwerten op d’Fro „Wéi radikal ass d’ADR?“ ginn huet. An anere vill gelauschterte Follgen hunn sech d’Journaliste mam „Meltdown vun de Piraten“ a mat „Fakten, Floskelen a falsch Verspriechen“ am Kader vum Budget vun der Regierung beschäftegt.
Walkampf, nei Regierung, Logementskris
Well de Bléck op d‘Politik an hannert hir Kulissen zum Kärgeschäft vu Reporter.lu gehéiert, ass et net verwonnerlech, datt och déi Sujeten dacks Thema am Podcast „On the Record“ sinn an do och vu ville Leit gelauschtert ginn.
Sou ass d’Spezial-Editioun mat engem Live-Interview vum deemolegen CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden aus dem September 2023 eng vun deene meescht gelauschterten Episode säit et „On the Record“ gëtt. Do leit de Premier vun haut e gutt Stéck virun den Interviews vu sengen deemolege Géigekandidate Xavier Bettel, Paulette Lenert a Sam Tanson.
Gutt gelauschtert ginn ass dann och déi „éischt Walanalys“ no de Wale vun 2023 sou wéi och d’Episod „Wat ass de Projet vun CSV an DP?“ iwwert d’Koalitiounsverhandlungen, en „éischte Regierungsbilan“ no 100 Deeg an d’Folleg zur„Schwaarz-bloer Verbuetspolitik“.
Op vill Interessi sinn och d’Episoden „Le grand défi de Gilles Roth“ iwwert déi schwiereg Situatioun bei der Steierverwaltung, d’Folleg „Zënsen erop, Präisser erof an elo?“ iwwer d’Logementskris an de Podcast doriwwer, „Wéi et an der Affär Cenaro weidergeet“.
Mee d’Nolauschterer hunn sech net nëmme fir déi national Politik interesséiert, mee och fir déi international. Sou fannen sech ënnert deene meescht gelauschterten Episoden och zwou zu den US-Walen. Eng dovu war een Interview mam Lëtzebuerger Journalist Philip Crowther, deen aus den USA fir verschidde Medie bericht. Déi aner Folleg zu den US-Walen huet sech mat de méigleche Konsequenze vum „Comeback“ vum Donald Trump befaasst.
Nei Episode vun „On the Record” ginn all Freideg op Reporter.lu publizéiert. Si kënnen awer och op de bekannte Podcast-Plattforme wéi Spotify an Apple Podcast gelauschtert ginn. Do kënnen se och abonéiert kënne ginn, soudatt ee keng Episod verpasst.
D’Redaktioun vu Reporter.lu seet allen Nolauschterinnen a Nolauschterer villmools Merci fir dee groussen Interessi. Mir versécheren iech, datt mir och am neie Joer alles versiche wäerten, iech all Woch op en Neits ee kompetente Bléck hannert d’Kulisse vun eise Recherchen an op d’Hannergrënn vun der Aktualitéit ze erméiglechen.




