D’Nouvelle, datt bei der Caritas Sue solle verontreit gi sinn, huet ageschloe wéi eng Bomm. Wéi konnt dat geschéien? Firwat huet d’Kontroll versot? A wéi ass d’Reaktioun vun der Regierung anzeuerdnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„An de leschte Méint koum et ëmmer nees zu Revelatiounen, déi gewisen hunn, datt a villen Organisatiounen de Management net all finanziell Ausgaben iwwerpréift“, seet d’Laurence Bervard am Podcast „On the Record“. Fir d’Journalistin vu Reporter.lu ass d’Affär Caritas, wou elo 61 Milliounen Euro solle verontreit gi sinn, awer ee spezielle Fall – an dat net nëmme wéinst dem héije Montant.
Skandaléis ass fir d’Laurence Bervard virun allem de Verdacht, datt hei eng Persoun vu banne soll an dës Affär involvéiert sinn. Am Moment gëllt fir all Bedeelegt d’Onscholdsvermuddung. Mee sollten sech déi Virwërf als wouer erausstellen, géing dat e ganzt speziellt Liicht op d’Organisatioun an de ganze Secteur werfen. Déi Leit, déi an esou ONGe wéi der Caritas schaffen, „déi schaffe jo mat Iwwerzeegung an déi hunn esou vill Motivatioun, fir um Terrain ze hëllefen“, sou d’Journalistin.
Iwwert d’Reaktioun vun der Regierung, an notamment déi däitlech Wierder vum Premier Luc Frieden, seet d’Laurence Bervard: D’Fro wier manner, ob de Staat d’Caritas elo rette misst. Mee vill méi, wat mat deene lafende Projete geschitt, déi eng wichteg Roll an der Gesellschaft spillen. An dat wär bei wäitem net déi eenzeg Fro, déi bei dëser enormer Affär nach oppen ass.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu




