D’USA hu gewielt an den Donald Trump gëtt nees President. Wéi ass seng däitlech Victoire ze erklären? Wat bedeit eng zweet Amtszäit vum Republikaner fir Amerika? A wat fir de Rescht vun der Welt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Inegalitéit huet Konsequenzen“, seet de Pit Scholtes, dat géing och fir dës US-Wale gëlle, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. D’Demokrate mat hirer Kandidatin Kamala Harris hätten e roseg Bild gezeechent vun der ekonomescher Situatioun vun den USA, datt vill Bierger net esou empfonnt hätten. An do wiere vill Wieler zur Conclusioun komm: „Ënnert dem Donald Trump ass et mir perséinlech besser gaangen“, sou de Pit Scholtes, dee fënnt an deem Kontext wier de Republikaner vläicht „dee méi éierleche Ligener“.

Datt dës US-Wal Konsequenzen esou oder sou wäert hunn, dat war kloer. Datt Republikaner awer och am Senat an am Representantenhaus esou gestäerkt ginn, datt war net virauszegesinn. „Dat bedeit, datt de Donald Trump elo vill méi einfach och déifgräifend Reformen ëmsetze kann an, anescht wéi a senger éischter Amtszäit, e reegelrechte Trump-System etabléiere kéint“, erkläert de Pol Reuter. An dat géing och fir d’Justiz, de Gesondheetssystem an de Klimaschutz gëllen, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Geopolitesch misst ee virun allem kucken, wat de Comeback vum Donald Trump fir d’Ukrain sou wéi  och fir d’NATO bedeit an, net ze vergiessen, wéi hien op de Konflikt am Noen Osten awierke wäert, seet de Pit Scholtes. „Dat aalt Konzept vun der ‚Pax Americana‘, also d’USA als Schutzmuecht vun der Weltuerdnung, kéint mëttelfristeg op en Enn kommen“ sou de Journalist. „Dat géing zu enger Fragmentéierung vun der weltwäiter Sécherheetsarchitektur féieren.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema