Dës Woch waren d’Sozialpartner nees beieneen. An d’Froe waren do déi selwecht wéi am Juni: Wéi d’Energiepräisser drécken? Wéi vill finanzielle Spillraum ass do? A wie setzt sech um Enn duerch? Dorëms geet et och an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

U sech wollt d’Regierung dës Woch am „Comité de suivi“ vum leschten Tripartite-Accord just de Point vun der aktueller Situatioun maachen. Gewerkschaften a Patronat hunn awer drop gedrängt, datt een och schonn iwwer konkret Mesure schwätzt. Dat weess de Pol Reuter duerch Gespréicher mat verschidde Sourcen. Hien bewäert d’Virgoe vun der Regierung och kritesch: „Ech mengen, et kann ee scho soen, dass et do un enger klorer Strategie gefeelt huet. D’Regierung gouf do wierklech kal erwëscht, huet dunn improviséiert a probéiert direkt en Accord ze fannen, ouni eng wierklech Faktelag ze hunn, nodeems een de ganze Mëtten driwwer diskutéiert huet, dass een eng faktebaséiert Politik soll maachen“, seet de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

Mam Pit Scholtes geet e Pol Reuter an dëser Episod och op déi nei Zuelen a Prognosen an, déi elo virgeluecht goufen. Si diskutéieren dann och doriwwer, wéi vill d’Mesurë vun der leschter Tripartite bruecht hunn. De Premier Luc Frieden hat do jo am Numm vun allen Acteuren e positive Bilan gezunn. „Wann d’Zil war fir d’Energiehaussen iwwer Subsiden ofzefiederen, dann hunn déi Mesuren natierlech gehollef, well de Präis manner héich war“, seet de Pit Scholtes. „Mee ech mengen, an dat gouf elo an dëser Dräierronn och sou skizzéiert, datt déi Mesuren net ouni Risiko sinn, Dat gëllt notamment fir den Tankrabatt, well een doduerch jo an enger Kris vun der Offer d’Demande kënschtlech stäerkt. An do stellt sech dann awer d’Fro vun der Versuergungssécherheet an ob et net dach eemol zu Enkpäss kënnt“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Béid Journaliste schwätzen och doriwwer, wat elo bei der geplangte Reunioun nächst Woch kéint oder misst decidéiert ginn, fir ze verhënneren, datt déi nächst Indextranche ze fréi ausgeléist gëtt. Eng einfach Verlängerung vun de bestoende Mesurë géing do net  hëllefen, et misst een déi schonn upassen. De Pol Reuter denkt do virun allem un eng méi héich Subventioun vum Stroum, Gas a Masutt am Géigesaz zum Sprit. Fir de Pit Scholtes stinn a falen all Mesurë mam finanzielle Spillraum, deen et beim Staat nach gëtt. Dat no all de Krisepäck aus de leschte Joren, deenen aner héijen Depensen an der och héijer Verscholdung.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema