Den Tripartite-Accord ass ënnerschriwwen an de Resilienzpak läit vir. Wat ass dovun ze halen? Wou gouf verpasst, déi strukturell Problemer unzegoen? A wéi koum et réckbléckend zu där séierer Eenegung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et hëlleft net, wann een d’Subsiden eropsetzt an awer all seng aner Hausaufgaben net gemaach huet“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ a mengt domat déi „bizar Approche“ vun der Regierung bei der Energietransitioun an de Klimaziler souwéi de feelenden Tempo, mat deem Mesuren an deem Beräich ëmgesat ginn. Hie kritiséiert dann och dat „gestéiert Verhältnis“ bei den Ausgaben am neie Resilienzpak tëscht der Subventioun vu fossille Brennstoffer an der Energietransitioun, wou sech 7,5 Milliounen Euro a 65 Milliounen Euro géigeniwwer stinn.

Där Kritik schléisst sech och de Pol Reuter un: „7,5 Milliounen Euro, dat sinn 1,73 Prozent vum Gesamtmontant vun deem 450-Milliounen-Pak. Dat heescht, mir investéiere manner wéi zwee Prozent vun engem Pak, dee Resilienzpak heescht, deen eis also soll resistent géingt Krise maache, an dee Beräich, dee genee dorop ausgeriicht ass“. De Journalist vu Reporter.lu bléckt an dëser Episod awer och hannert d’Kulisse vun der Tripartite a verréit, wéi d’Verhandlungen ofgelaf sinn, wéi eng Rollen de Luc Frieden an de Xavier Bettel gespillt hunn, wou et méi Diskussioune gouf an zu wéi engem Moment et awer bal zum Scheitere koum.

De Pol Reuter an de Laurent Schmit ginn dann och op vill aner Aspekter am Kontext vun der Tripartite an dem Resilienzpak an: Wéisou geet d’Regierung och dës Kéier nees mat der Strenz vir? Wou wiere méi sozial selektiv Mesurë méiglech gewiescht? Wéi gëtt dëse Pak schlussendlech finanzéiert? A wéi een Zesummenhang besteet tëscht deem Pak an der geplangter Steierreform? Béid Journalisten thematiséieren awer och déi Saachen, déi fir si bei dëser Tripartite net wierklech behandelt goufen, dorënner de gerénge Wirtschaftswuesstem, den héije Chômage an de schwaachen Zouwuess beim Emploi.

„Mir hunn et jo elo schwaarz op wäiss: De Betriber zu Lëtzebuerg ass et net méiglech, e Mindestloun ze bezuelen, mat deem een adequat liewe kann, ouni datt de Staat déi Léin subventionéiert. Do ass awer eppes ferme aus der Balance geroden“, fënnt de Laurent Schmit. „Et ass einfach kloer, dass ee keng Äntwert huet op déi Wirtschaftskris, déi mir lo zënter puer Joer erliewen. A mir kënnt déi ganz Regierung e bësse vir wéi Premières-Schüler, déi hir Exame geschriwwen hunn, sech op hir Vakanz op der Plage freeën, mee nach net wëssen, wéi vill Noexamen si kréien“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema