Wien ass de Luc Frieden a mat wéi engen Iddie wëll hien d’Wielerinnen a Wieler iwwerzeegen? Dës Woch huet sech de Spëtzekandidat vun der CSV am „REPORTER Live“ de Froen vu Reporter.lu gestallt. De ganzen Interview gëtt et hei fir nozelauschteren.
„Contrairement zu deem, wat heiansdo gemengt gëtt, hunn ech eigentlech d’Mënsche ganz gären“, seet de Luc Frieden an der éischter Editioun vu „REPORTER Live“ an dësem Waljoer. Am Interview mam Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, schwätzt hien iwwer seng politesch Iwwerzeegungen, seng Zäit als Minister a säi Programm, mat deem hie seng Partei no 10 Joer erëm an d’Regierung féiere well.
De ganzen Interview gëtt et hei ze lauschteren:
Dir wëllt och bei engem vun den nächste „REPORTER Live“-Events dobäi sinn?
Hei kennt Dir Iech umellen: Die Spitzenkandidaten im Live-Interview
Méi zum Thema




