D’CSV setzt am Walkampf op d’Kompetenz vun hirem Spëtzekandidat Luc Frieden. D’Vergaangenheet vum Ex-Minister kéint an den nächste Méint awer och nach kontrovers diskutéiert ginn. Firwat? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De Luc Frieden ass erëm do a wëll d’CSV zréck an d’Regierung féieren. Dat och am léifsten an der Roll vum Premier. Fir dohin ze kommen, muss hien awer als éischt emol d’Wale gewannen. Seng politesch Vergaangenheet soll him dobäi hëllefen. Si ass awer net nëmme virdeelhaft fir de CSV-Politiker, seet de Christoph Bumb. „De Luc Frieden ass definitiv ee Politiker, wou et an der Vergaangenheet, mee awer och an der aktueller Programmatik net un Kontroverse mangelt“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

Eng vun de Kontroversen, déi an dem Luc Frieden seng Amtszäit falen, sinn d’ëmstridde Steierrulings, déi duerch d’Luxleaks-Affär bekannt goufen. An do weist sech och, datt de Luc Frieden sech wéineg verännert huet. „De Luc Frieden ass nach ëmmer iwwerzeegt, dass déi Praxis och lo am Réckbléck richteg war“, sou de Christoph Bumb. De CSV-Spëtzekandidat hätt och haut nach ee liberal-konservativt Profil, dat kloer op eng méiglech Koalitioun mat der DP ausgeriicht ass. Do ass awer d’Fro, ob ee vun de momentane Koalitiounspartner wierklech bereet ass mat engem CSV-Politiker zesummenzeschaffen, deen duerch seng sëlleg Affäre mat verantwortlech ass fir d’Grënnung vun der Dräierkoalitioun.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema