Och zu Lëtzebuerg ginn déi Jonk op d’Strooss. Dat wéinst der Logementskris. Firwat grad elo? Wat fuerdere si? An erkennt d’Politik d’Urgence vun der Kris? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Mëttlerweil ass et bal e Véierelsjoerhonnert hir, datt de Jean-Claude Juncker de Logement zur Chefsaach erkläert huet. An do muss ee soen: Déi ganz Politik huet versot. Egal, wéi eng Parteien an der Regierung waren, keen huet et fäerdeg bruecht, déi Kris an de Grëff ze kréien.“ Dat ass de Constat vum Pol Reuter am Podcast „On the Record“, wou et alt nees ëm de Logement zu Lëtzebuerg geet. Ulass ass déi aktuell Mobiliséierung vum „Kollektiv Logementskris“. Lescht Woch hunn an deem Kader 500 bis 800 virun allem jonk Leit an der Stad demonstréiert. „Natierlech hänkt déi Beweegung och mat de Mobiliséierungen am Ausland zesummen, notamment am Frankräich, wou jonk Leit einfach d’Gefill hunn, net vun der Politik gehéiert ze ginn“, seet de Pol Reuter.

De Journalist vu Reporter.lu geet dann och op d’Fuerderunge vum Kollektiv an, dat virun allem mol wëll, datt d’Regierung d’Urgence vun dëser Kris unerkennt an sech kloer Delaie fir Mesurë gëtt. „Villes, vun deem, wat gefuerdert gëtt, ass schonn an der Maach, mee léist op sech waarden“, seet de Pol Reuter. Hien nennt do als Beispill d’Register fir eidel stoend Wunnengen: „Dee Projet gouf viru véier Joer deposéiert, en halleft Joer drop huet de Staatsrot just zwou Oppositions formelles erhuewen, a säitdeem huet d’Chamberkommissioun mol net eemol iwwer deen Text diskutéiert. An dat ass symptomatesch, well et ass net esou komplizéiert, mee einfach eng Fro vu politescher Prioritéit. Do kann een sech al Jonke scho veraarscht fillen“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Pol Reuter erkläert och, wéi sech d’Logementskris iwwer d’Joren entwéckelt a wat d’Politik gemaach huet. Fir hie gouf laang d’Urgence net unerkannt an och déi aktuell an déi viregt Regierung hätten eréischt wierklech eppes ënnerholl, wéi et zur Baukris koum. „Do huet ee reagéiert, mee net aus den initialen Ursaachen, mee fir d’Promoteuren ze retten, déi ee jo och huet missten um Liewen halen, fir datt sech d’Situatioun net nach weider verschlëmmert.“ Dobäi géing déi riskéieren, ëmmer méi schlëmm ze ginn: „Mir geroden ëmmer méi an eng Situatioun, wou de Logement e Kompetitivitéitsproblem gëtt. Also, wou d’Leit net méi op Lëtzebuerg schaffe kommen, well se sech d’Wunnengen net kënne leeschten. An da rutsche mir an eng Situatioun, déi nach vill méi geféierlech ass, well dat dann och eise Sozialsystem betrëfft.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema