Wéi e Bilan zitt Sam Tanson vu Blo-Rout-Gréng a wéi eng politesch Prioritéite verfollegt si? Dës Woch huet sech d’Spëtzekandidatin vun Déi Gréng am „REPORTER Live“ de Froe vu Reporter.lu gestallt. De ganzen Interview gëtt et hei fir nozelauschteren.

„Ech ginn net an eng Regierung, fir dat réckgängeg ze maachen, wou mir d’Land an de leschten zéng Joer no fir bruecht hunn“, seet d’Sam Tanson am zweeten „REPORTER Live“. Blo-Rout-Gréng hätt villes erreecht, wat haut notamment an der Gesellschaftspolitik géif als evident ugesi ginn. Am Interview mam Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, schwätzt si iwwer frustréierend politesch Dossiere wéi de Jugendschutz, verdeedegt d’Klimapolitik vun hirer Partei a seet, firwat et sou wichteg wier, datt Lëtzebuerg fir d’éischte Kéier eng Premierministesch géif kréien.

De ganzen Interview gëtt et hei ze lauschteren:


Dir wëllt och bei engem vun den nächste „REPORTER Live“-Events dobäi sinn?
Hei kennt Dir Iech umellen: Die Spitzenkandidaten im Live-Interview


Méi zum Thema