Mat der Spëtzekandidatin Sam Tanson wëllen Déi Gréng am Oktober d’Wale gewannen. Héich Uspréch, mee eng Politik am Konsens ass de Resumé vum Walprogramm. Ass dee Spagat ze packen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Mir stellen eis Kärwäerter net a Fro“, huet déi gréng Spëtzekandidatin um Walkongress lëschte Samschde betount. Déi Gréng géife fir méi Gerechtegkeet, e seriöen Klimaschutz a géint Wunnengsnout astoen, sot d’Sam Tanson. Gläichzäiteg wiert si sech géint Bild vun enger ideologescher Politik.

D’Ambitioun passt awer net ëmmer bei de politesche Pragmatismus vun der Partei. „De politesche Kompromëss an der Dräierkoalitioun gëtt zum grénge Programm“, seet de Laurent Schmit iwwert déi gréng Proposen am Klimaschutz. Dat géif sech virun allem bei Thema „Tanktourismus“ weisen, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. Déi Gréng positionéieren sech virun allen vis-à-vis vun der CSV, déi responsabel fir de Stëllstand virun 2013 wier. Eege Feeler an de leschten zéng Joer vu grénger Regierungsbedeelegung géifen sou iwwerspillt ginn, analyséiert de Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema