De Marc Goergen an de Sven Clement streiden ëffentlech. Wat war de konkreten Ausléiser? Wéi eng Zukunft gëtt et nach fir d’Piratepartei? A gouf et änlech Konflikter an der Lëtzebuerger Parteiegeschicht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„D’Piratepartei ass grad an enger totaler Kris“, seet de Pol Reuter zu der aktueller Lag. Et kéint scho ganz séier zu engem Showdown kommen. „Et gëtt lo gekuckt, sou schnell wéi méiglech eng Assemblée générale ze maachen, fir den Ausschloss entweder vun deem engen oder deem aneren ze decidéieren“, erkläert de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.
Géigesäiteg geheien sech déi zwee nach iwwreg bleiwend Piraten-Deputéiert Mëssbrauch vun de Sue vun der „Sensibilité politique“ an der Chamber vir. Mëtt der Woch ass de Sträit nach weider eskaléiert: De Parteikoordinator Marc Goergen huet eng Denonciatioun beim Parquet gemaach. Et geet ëm eng Rechnung vum Marc Goergen am Kader vun der „Malt“-App, déi d’Partei fir den „Office national de l’accueil“ sollt entwéckelen. D’Hannergrënn vun de Virwërf sinn allerdéngs net kloer, sou de Pol Reuter.
Sou spektakulär wéi de Sträit an der Piratepartei ass – et ass keen Eenzelfall an der Geschicht vun de Parteien hei am Land. De Pol Reuter erënnert un d’Episode vum CSV-Frëndeskrees oder der Spléckung vun deene Gréngen Ënn den 1980er Joren. Dachs geet et dobäi wéi bei de Piraten ëm Egoen an ëm e Richtungssträit. „Eng Piratepartei ouni Sven Clement wäert méi Populismus bedeiten“, ass d’Aschätzung vum Journalist.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu




