Wéi schwéier ass et fir kleng Parteien sech zu Lëtzebuerg z’etabléieren? Wéi eng Roll spillen dobäi d’Finanzen an de Walsystem? A wéi ofhängeg sinn Neigrënnunge vu bekannte Perséinlechkeeten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’Partei Fokus war bei de Walen am Oktober ugetrueden, fir an d‘Parlament gewielt ze ginn. Dat hat net geklappt. Déi nei Partei vum fréieren CSV-Präsident Frank Engel ass e gutt Beispill dofir, wéi schwéier et fir kleng Parteien ass, sech zu Lëtzebuerg ze etabléieren. „Fokus huet net deen ee Sujet oder e puer Sujeten, déi ee mat där Partei a Verbindung bréngt“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“ a mécht dobäi de Verglach mat anere klenge Parteien, déi sech an der Vergaangenheet zu Lëtzebuerg gegrënnt hunn. „Et ass schonn e Virdeel, wann een sech als One-Issue-Partei grënnt, well da kloer ass, firwat ee steet“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Problemer bereet klenge Parteien oft och hir Finanzéierung. „Generell huet Lëtzebuerg net dee schlechtste System fir d’Parteiefinanzéierung“, seet de Christoph Bumb. Och kleng Parteie kriten do, souguer wann se net an d’Chamber gewielt goufen, schonn eng substanziell staatlech Ënnerstëtzung. „An awer ass et grousse Challenge fir eng kleng Partei, e Walkampf ze féieren, virun allem an engem Superwaljoer“, sou de Journalist.

Kleng Parteien hänken donieft och ganz vill vun eenzele Perséinlechkeeten of. Dat ka vu Virdeel awer och vun Nodeel sinn, wéi Beispiller vun de Pirate mam Sven Clement a Fokus mam Frank Engel weise géingen. „Ouni de Frank Engel, ouni seng Virgeschicht ass een sech net sécher, op et zur Grënnung vu Fokus komm wier“, seet de Christoph Bumb. Hien wier eendeiteg dee bekanntste Personnage an där Partei, wat een och um Walresultat gesinn hätt. „Mee och déi aktuell intern Kontroversen bei Fokus hänke mat him zesummen, well de Frank Engel awer een ass, deen uneckt.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema