Wat bleift vum Xavier Bettel als Premierminister a wéi wëll d’DP des Kéier dat ëmsetzen, wat se säit zéng Joren net ëmgesat krut? Dorëms goung et am leschten „REPORTER Live“ mat dem Spëtzekandidat vun der DP. De ganzen Interview gëtt et hei fir nozelauschteren.

„Ech stinn enger CSV vill méi no a Wirtschaftsfroen a Fiskalitéitsfroen wéi enger LSAP oder deene Gréngen. Dat verstoppen ech net. Ech stinn awer an der Familljepolitik ganz wäit vun enger CSV ewech“, seet de Xavier Bettel an der 4. Editioun vu „REPORTER Live“.

Am Gespréich mam Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, erkläert de Spëtzekandidat vun der DP, firwat et net zu enger grousser Steierreform koum a firwat sech seng Partei och des Kéier net dozou verflicht. Zwar géingen et Berechnunge vun de Käschte vu sou enger Reform ginn, mee de Xavier Bettel wéilt déi net mat der Ëffentlechkeet deelen. „Dat diskutéieren ech net mat Iech“, sou de Premier. Op d’Fro, firwat, heescht et weider: „Dann kennt Dir dat och net kritiséieren.“

De Xavier Bettel huet sech am Interview och fir eng Spekulatiounssteier an eng Wunnengsbauoffensiv ausgeschwat, Positioun zu senger Plagiatsaffär geholl an erkläert, wéi hie senger Erzielung no bal zu engem Accord tëscht dem Vladimir Putin a Wolodymyr Selenskyj bäigedroen huet.

De ganzen Interview gëtt et hei ze lauschteren:


Méi zum Thema