Déi nei Regierung ass mëttlerweil net méi esou nei. Wéi ass de Start vu Schwaarz-Blo anzeschätzen? Kënne si hir Pläng a Verspriechen ëmsetzen? A wéi eng Roll spillt dobäi déi finanziell Entwécklung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Déi éischt Méint vun der Amtszäit vun der neier Regierung waren dominéiert vum Heescheverbuet. Ouni déi Mesure géing d‘Aarbecht vun der Koalitioun aus CSV an DP awer sécher anescht bewäert ginn. „Et goufen Debaten ugestouss oder an Aussiicht gestallt, déi strukturell Problemer an eisem Land betreffen, notamment de Logement, mee och eng méiglech Pensiounsreform“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. Datt dat vergläichsweis ënnergoung, dat géif och un der politescher Kommunikatioun vu verschidde Majoritéitspolitiker leien. „Et ass e bëssen e Feelstart, deen si sech selwer siche gaange sinn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi alleréischt Mesure vun der neier Koalitioun war eng deelweis Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun. Huet si, an deem Fall d‘CSV, deemno hiert Walverspriechen agehalen? „Ganz gouf d’Walverspriechen net ageléist, well versprach gouf eng komplett Inflatiounsberengegung. Mee dat war finanziell offensichtlech net machbar“, erkläert de Pol Reuter. An d’Situatioun vun de Staatsfinanze wäert dann och déi weider Politik vun der Regierung beaflossen, analyséiert de Journalist vu Reporter.lu.

De Premier Luc Frieden (CSV) huet annoncéiert, datt de Staatsdefizit 2024 ënner zwee Prozent an d’Staatsverscholdung ënner 27 Prozent vum BIP bleiwe soll. Ouni Spuermesurë wäert dat net méiglech sinn. D‘Regierungsvertrieder schwätze vu „sozial selektive“ Kierzungen. „Eng éischt esou eng Kierzung gouf u sech schonn annoncéiert, an dat bei Subsiden am Klimaberäich, seet de Pol Reuter. Et wiere wuel virun allem esou Subsiden, un déi d’Regierung denkt, wou si spuere kann. „Mee geet dat duer, wann een d’Budgetsvirgab vum Premier kuckt?“, freet sech de Pol Reuter. „Do ass net vill Sputt, wann een op där aner Säit zum Beispill am Logement staark agräife wëll.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema