Reporter-Podcast „On the Record“

Wat ass de Projet vun CSV an DP?

Foto: Mike Zenari

Ass d’Koalitioun vun CSV an DP en Zweckbündnis oder gëtt et e konservativ-liberale Projet? Wou sinn d’Schnëttmengen besonnesch grouss? A wéi wierkt sech déi schwiereg finanziell Situatioun vum Staat aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Et ass wéi en Déjà-Vu vun 2013: Eng nei Koalitioun féiert Verhandlungen an entdeckt, datt d’Keesen eidel an déi wirtschaftlech Perspektive schlecht sinn. Hätten si datt net virdru misse wëssen an et dann och sou soen? Gouf de Wieler beduckst? Oder sinn d’Walversprieche vun CSV an DP dach nach ëmsetzbar? „Nee, et kann een niichter feststellen, datt mat deene Budgetszuelen a Wirtschaftsprognosen d’Programmer vun CSV an DP sou net ëmsetzbar sinn. Op mannst net am Ufank“, seet de Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu.

Wat eng méiglech Steierreform betrëfft, wäert een sech drop astelle mussen, datt déi nächst Regierung an Etappe virgeet. D’Hoffnung bléift bei de Parteien, datt Konjunktur erëm unzitt an dann dee sougenannte Sputt do ass. Och an anere Beräicher dierften et interessant Verhandlunge ginn. Knackpunkte bleiwen tëscht DP an CSV – zum Beispill beim Logement oder an der Familljepolitik. „A verschidde Beräicher kënnen d’Diskussiounen da méi laang daueren“, sou de Christoph Bumb weider.

„Wann een d’Programmer vun deenen zwou Parteien en détail kuckt, da kann een erausliesen, datt ongeféier bei zwee Drëttel vun deene Saachen, déi do um Dësch leien, CSV an DP sech ganz séier eens sinn“, schätzt de Christoph Bumb. Doduerch kéimen d’Verhandlunge gutt virun. „Dat ass effektiv en Ënnerscheed zu de leschten zwou Koalitiounsverhandlungen, wou mir et awer mat dräi Parteien ze dinn haten a wou déi Schnëttmengen net sou offensichtlech waren.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema