„Fir d’Leit. Fir Opschwong.“ Sou ass de Staatsbudget fir 2027 iwwerschriwwen. Wéi ass dee Budget ze bewäerten? Wéi de Narrativ vum Finanzminister? A gëtt dat alles dem Kärprobleem zu Lëtzebuerg gerecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„D’Handschrëft vun dësem Budget besteet am Fong doranner, dass et eppes fir jidderee gëtt“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Dat Ganzt wier sozial, ökologesch, awer och wirtschaftsno, méi fir Kannerbetreiung a fir Klimaschutz, mee och eng grouss steierlech Entlaaschtung fir Betriber an Haushalter. An do géing een sech dann awer froen, wéi dat opgoe soll, wann een sech effektiv d’Zuele géing ukucken. „Et gesäit ee schonn, a wéi eng Richtung datt et geet, mee et ass eben déi grouss Fro, ob een déi Verspriechen a Kaddoen, déi de lo mécht, net an e puer Joer nees muss réckgängeg maachen,“ sou de Journalist vu Reporter.lu. Virun allem mat Bléck op de Staatsdefizit an d’Verscholdung: „Also dat hei ass definitiv kee Spuerbudget.“

De Christoph Bumb kritiséiert do virun allem och, datt de Gilles Roth a senger Budgetsried alt nees vill Floskele benotzt hätt, mee déi faktesch Wourecht op ville Plazen einfach ausgelooss hätt. „Wat hien zum Beispill mat kengem Wuert erwäänt huet, ass, datt d’Quot vun der Staatsverscholdung, déi jo laut dem Minister decisiv ass, vun 2025 op 2026 ëm ganzer 3,3 Prozent eropgoung. Do kann ee jo awer erwaarden, datt ee Finanzminister dat sengem Public kann zoumudden“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

„Et kéint een de Leit jo dann och erklären, firwat d’Scholden eropginn“, mengt de Christoph Bumb. „Well de Grond ass, datt de Staat am Moment muss Suen an de Grapp huelen, well de Wuesstem ausbleift. D’Wirtschaft an den Emploi wuessen net genuch fir de Lëtzebuerger Modell um Lafen ze halen, fir d’Sozialsystemer ze finanzéieren. An dat net kloer ze soen, dat ass schonn dreist a keng all ze responsabel Politik“, fënnt de Christoph Bumb. Hien an de Laurent Schmit befaassen sech dann och am Detail mat eben där Problematik a vermëssen do bei der Regierung konkret Usätz, fir nees méi Aarbechtsplazen ze schafen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema