Mam Budget 2025 setzt de Gilles Roth „Kurs op muer. Ee Muer fir jiddereen“. Wéi steet et ëm d’Staatsfinanzen? Wéi realistesch sinn d’Prognose vun der Regierung? A geet si déi reell Problemer un? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et sollt ee vum Finanzminister schonn erwaarde kënnen, datt en an enger Budgetsried déi aktuell Realitéit op mannst niichter uschwätzt“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. Mee genee dat hätt an dëser Ried vum Gilles Roth gefeelt – an domat eppes, wat genau dee Gilles Roth senge Virgänger ëmmer virgehäit hätt.

Fir de Chefredakter vu Reporter.lu huet och de neie CSV-Finanzminister a senger Ried ob déi „Budget-Tricks“ zréckgegraff, déi et och schonn ënnert anere Regierunge gouf. An hien hätt dobäi och genee sou vill, wann net nach méi, Floskele benotzt, déi een neutralen Nolauschterer net weiderbrénge géifen. Dobäi géif et am Fong genuch Diskussiounsbedarf ginn, well déi aktuell Situatioun vun de Staatsfinanze wär objektiv „zimmlech ugespaant“.

Änlech kritesch bléckt de Laurent Schmit op d’Prognosen, op deenen dëse Budget fir 2025 baséiert. „Et gëtt mat Prognose geschafft, wou een iwwerhaapt keng Unhaltspunkten huet, wéi realistesch déi sinn“, sou de Journalist vu Reporter.lu. „Et weess een net, wat een erakritt muer, an et weess een och net, wat een ausgëtt“, sou de Laurent Schmit. Dat wier schonn „eng grouss Glaskugel“, an déi do all Joer nees gekuckt géing ginn.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema