D’Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg suergt fir vill Diskussiounen. Wat fir Follgen huet et fir déi Betraffen an d’Police? A wat seet dës Mesure iwwer d’Ausriichtung vun der neier CSV-DP-Koalitioun aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Säit Mëtt Dezember ass dat sougenannt Heescheverbuet an Deeler vun der Haaptstad a Kraaft. Déi politesch Responsabel vertraue bei der Ëmsetzung op d’Fangerspëtzegefill vun der Police. „Dat bréngt d’Police an déi schwiereg Lag, datt si lo muss jugéieren, wat si poursuivéiert a wat net“, seet de Pit Scholtes. „Wou sollen déi Leit hin? Féiert dat net zu enger Verlagerung vum Problem? Gëtt et vläicht souguer e Potenzial vun Eskalatioun?“, freet sech de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

CSV an DP géingen op jidde Fall dat ëmsetzen, wat si am Walkampf versprach hunn, seet de Pit Scholtes, deen domat souwuel de nationale wéi dee kommunale Walkampf mengt. De Journalist gesäit dann och bei ville vun de geplangte Mesurë vun der neier Regierung eng däitlech méi repressiv Politik wéi déi vun der Virgängerregierung.

D’Zil vun där Politik wier awer net kloer. „Den eigentlech Probleem ass déi wuessend Ongerechtegkeet. An do si Mesurë wéi d’Heescheverbut jo keng Äntwert, mee just eng Bekämpfung vun de Symptomer“, sou de Pit Scholtes.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema