Huet Lëtzebuerg ee Rietsruck erlieft? Wéi staark war d’Wiesselstëmmung am Land? Wéi ass de Waldesaster vun Déi Gréng ze erklären? An wéi eng perséinlech Resultater hunn iwwerrascht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Lëtzebuerg huet gewielt. Déi Gréng hunn eng historesch Defaite kasséiert, d’DP, d’LSAP, d’Piraten an d’ADR konnten sech dogéint freeën iwwert ee bis zwee nei Sëtz an der Chamber. Zwar gouf zu Lëtzebuerg de rietse Spektrum vun der Politik gestäerkt, mee den Zougewënn vun der ADR hält sech nach a Grenzen. Dësen ass wuel zu Laaschte vun de Pirate gaangen. „Wann een aus Protest géint déi etabléiert Parteien an d’Regierung stëmme wollt, da war d’ADR des Kéier wuel méi attraktiv wéi d’Piraten“, seet de Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, am Podcast „On the Record“.
Den Ofstuerz vun de Gréngen hätt méi Grënn. Een dovunner: D’Partei huet sech nach méi wéi d’Koalitiounspartner als Vertrieder vum politesche Status Quo presentéiert. D’Partei konnt de Wieler sou wéineg Neies ubidden. Fir d’LSAP ass dogéint d’Rechnung mam Paulette Lenert am Osten net ganz opgaangen, och wann si Zougewënn hat. Dat läit och um Personal vun der Partei. „Wann een déi perséinlech Walresultater kuckt, fält op, datt vill Politiker déi scho säit Joerzéngten dobäi sinn, éischter schlecht ofgeschnidden hunn“, sou de Christoph Bumb.
Elo geet et an d’Koalitiounsverhandlungen, wou de Luc Frieden d’Aarmutsbekämpfung, de Kampf géint de Klimawandel an de Logement als Prioritéite genannt huet. Een erstaunleche Choix mat Bléck op d’Walcampagne. „Wann een d’Programmer vun der CSV an DP kuckt, ass d’Aarmutsbekämpfung grad dat Politikfeld, wou net ganz vill Konkretes drasteet“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. Och an anere Beräicher dierft ee gespaant sinn, wéi sech déi programmatesch kloer opgestallt Parteien an de Verhandlungen nei erfanne wëllen.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.