Podcast „On The Record“

Wéi geet et weider am Fall Cenaro?

Foto: Mike Zenari

Virun engem Joer huet Reporter.lu fir d’éischt iwwert d’Immobiliefirma Cenaro bericht. Wéi ass et säitdeem mat hire Projete virugaangen? Wou ass d’Enquête vun der Justiz drun? A wat kéint d’Politik maachen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Vun all de Leit, mat deenen ech geschwat hunn, ass keen onbeschiedegt aus där Situatioun erausgaangen.“ Dat seet de Pit Scholtes a mengt domat d’Keefer vun Immobilie vu Cenaro. D’Firma, iwwert déi Reporter.lu fir d’éischt viru ronn engem Joer bericht huet, ass mëttlerweil offiziell faillite. Domat wier fir déi Betraffen awer nach laang net alles gutt, betount de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

„Een Deel vun de Leit waart weiderhin drop, wéi et weidergeet. Hir Wunnengen si nach ëmmer net fäerdeg, si sinn dowéinst a Verhandlunge mam Versécherer. An da ginn et nach déi aner Fäll, déi op hir Entschiedegung verzicht hunn an op eege Fauscht hir Wunnenge fäerdeg gebaut hunn. Déi mussen dofir elo awer mat de Méikäschte liewen, sou de Pit Scholtes. Do géing sech dann och d’Fro stellen, wat d’Politik ka maachen, fir zumindest zukünfteg Keefer an esou Fäll besser ze schützen.

Wärend all deem leeft d’Enquête vun der Justiz géingt de Responsabel vu Cenaro weider. Et besteet de Verdacht op Abus de bien sociaux a Fraude. Dat heescht, et ka gutt sinn, datt d’Cliente vu Cenaro Affer vun engem Bedruchssystem gi sinn, erkläert de Pit Scholtes. „Déi grouss Fro ass: Sinn déi Suen, déi si u Cenaro iwwerwisen hunn, och wierklech an de Bau vun hirer Wunneng gefloss oder an aner Saache. Huet Cenaro vläicht d’Suen agesammelt fir nei Projeten an huet se net fir dat genotzt, wat versprach war. Dat muss elo ebe gekläert ginn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema