Ëmmer manner Leit kréien een Immobiliëkredit an entspriechend wéineg Wunnengen an Haiser gi verkaaft. Wéi geet et mat den Zënse weider? Wäerten d’Präisser geschwënn rëm klammen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Bei iwwer fënnef Prozent léien d’Zënse fir en Immobiliëkredit no der leschter Hausse vun der Europäescher Zentralbank am Juli. Dat ass eng Situatioun, déi et an de leschte 15 Joer net méi gouf. De Lëtzebuerger Immobiliëmarché muss sech un déi néi Konditiounen upassen.

Kréie mer eng soft Landung hin oder gëtt et eng haart? Dat ass d’Fro, déi sech fir de Pit Scholtes am Kontext vun der Zënspolitik stellt. De Journalist vu Reporter.lu ass skeptesch vis-à-vis vun Zenarien, an deenen d’Zënse séier rëm erofginn. „Souguer wann se zréckginn, da ginn se op zwee bis dräi Prozent, wat jo dann nach ëmmer net déi Finanzéierungskonditioune sinn, déi mir virdrun haten“, erkläert hien. Et bräicht en oppene gesellschaftlechen Debat iwwert déi aktuell Situatioun, deen an der Politik bis elo feele géif.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema