D’Joer 2025 war villes, mee net langweileg – och fir d’Redaktioun vu Reporter.lu. Mee wat waren da fir d’Journalistinnen a Journaliste selwer déi Storyen, déi hinne besonnesch an Erënnerung bliwwe sinn? Dat verroden si an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Bei méi wéi 200 gréisser Storyen an Analysen, déi 2025 publizéiert goufen, fält de Choix net einfach. „Wat mech am Réckbléck markéiert huet, ass, datt mir dat ganzt Joer iwwer vill Storyen haten, déi exzellent recherchéiert, net ëmmer einfach waren an awer och gräifbaren Impakt haten,“ seet de Chefredakter vu Reporter.lu, de Christoph Bumb, am Podcast „On the Record“. „Ganz aktuell ass do natierlech d’Recherche zum nationale Sportsmusée an zum Minister Georges Mischo ze nennen, dee letztlech jo huet missten zrécktrieden.“ Zur Erënnerung: Déi Recherche vum Pol Reuter a vum Christoph Bumb haten opgedeckt, datt de Georges fir de Projet en Deal mam Promoteur Éric Lux gemaach hat, dovun awer déi aner Regierungsmemberen net informéiert hat.
Dem Laurence Bervard ass virun allem eng Recherche vum Véronique Poujol iwwert mutmassleche sexuelle Mëssbrauch am SOS Kannerduerf zu Miersch an Erënnerung bliwwen. Dat net nëmmen, well déi Virwërf géingt ee fréieren Direkter an deem Fall ganz schwéier sinn, mee och well déi Responsabel vun där Organisatioun do fragwürdeg gehandelt hunn an d’Justiz net iwwert d’Virwërf vun enger jonker Fra informéiert haten.
Geckeg Recherchen a konstruktive Journalismus
„Et kann een, mengen ech, festhalen, datt just mir bei Reporter.lu esou geckeg sinn, fir esou eng Recherche ze maachen“, seet dann de Laurent Schmit. Konkret bezitt hien sech do op eng Recherche vun him a vum Pol Reuter iwwer d’Präsenz vun den Deputéiert a Kommissiounssitzungen. Fir déi Recherche haten déi zwee Journalisten extra e Code programméiert, fir d’Rapporte vun deene Sëtzungen auszewäerten, an hunn sech awer och duerch Dausende PDFen gewullt. „D’Resultat war awer derwäert“, konstatéiert de Laurent Schmit, „mir hunn notamment erausfonnt, wéi wéineg present den aktuellen Ëmweltminister Serge Wilmes a senger Zäit als Deputéierten an de Chamberkommissioune war.“
Fir de Pol Reuter zielt donieft awer och eng aner Recherche zu sengen Highlights am Joer 2025. An zwar déi, bei där hien zesumme mam Pit Scholtes opgewisen huet, wéi d’Regierung eng Pensiounsreform hätt kéinte maachen, déi sozial- a generatiounegerecht gewiescht wier an de System och wierklech mëttelfristeg finanziell ofgeséchert hätt.
Fir de Gilles Siebenaler ass et och eng Recherche vum Véronique Poujol, déi him am Gediechtnes bliwwen ass. An zwar ass dat de Fall vum fréiere Beamten Henri Reding, dem sougenannte „Monsieur Cantine“, dee jorelaang nieft senger eigentlecher Tâche een Drëttel vun de Gemengen zu Lëtzebuerg bei Ausschreiwungen a Relatioun mat Iessen a Schoulkantinnen a Maison relais beroden huet an dofir och entlount gouf.
Schwéier Virwërf a wäitreechend Urteeler
De Luc Caregari huet 2025 eng Recherche markéiert, déi hien am Kontext vu Pädokriminalitéit gemaach huet. Dofir huet hien Honnerte Geriichtsurteeler nogesicht, kategoriséiert an ausgewäert, fir erauszefannen, wéi eng Strofe géingt pädophil Stroftäter gesprach ginn. Hien huet dobäi och recherchéiert, wéi d’Justiz generell mat dëser Form vu Kriminalitéit ëmgeet – a mat der Fro, op Verdächteger géingt déi ermëttelt gëtt, weider mat hire präsuméierten Affer ënner engem Daach dierfen zesummeliewen.
Dem Maximilian Richard si virun allem seng Recherchen am Police-Milieu an Erënnerung bliwwen, wou et gläich ëm méi Fäll vu präsuméierter Policegewalt goung. Hien konnt do exklusiv berichten, wat fënnef Beamte vum fréiere Kommissariat op der Stater Gare a véier Poliziste vun Esch vun der Justiz virgehäit gëtt. A béide Fäll haten d’Beamten och probéiert, déi Saachen ze vertuschen.
An de Pit Scholtes, deen huet seng Recherche zum Fall Jos Nickts markéiert, dee jo bekanntlech vir Gericht erwierkt huet, datt „RTL“ säin Numm net méi dierf nennen. De Journalist vu Reporter.lu hat schonn am Januar 2025 iwwer dëse Fall, d’Geschicht vum Bedruch duerch de fréiere Präsident vun der Bréifdréieschgewerkschaft an déi méiglech Suite fir d’Pressefräiheet bericht.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.



