Vu Pensioune bis Sozialdialog, vu Luc Frieden bis Donald Trump: Am Podcast „On the Record“ hunn d’Journalistinnen a Journaliste vu Reporter.lu och 2025 vill iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit geschwat. A sinn dobäi konstant vill gelauschtert ginn, wéi eise Réckbléck weist.

De Podcast „On the Record“ vu Reporter.lu gouf 2025 méi wéi 90.000 mol gelauschtert. Am Schnëtt sinn dat ronn 7.500 Nolauschterinnen an Nolauschterer pro Mount, a méi wéi 1.800 pro Woch. Déi 51 Episoden, déi och 2025 ëmmer freides publizéiert goufen, hunn sech och an dësem Joer mat enger grousser Bandbreet vun aktuellen Themen aus Politik, Gesellschaft, Justiz a Wirtschaft beschäftegt.

Déi meescht gelauschtert Episod am Joer 2025 ass mat méi wéi 2.000 Nolauschterer eng ganz aktuell an huet sech mat der „Affär Georges Mischo an anere politesche Baustellen“ beschäftegt. Dobäi hunn  d’Journaliste vu Reporter.lu nach virum Récktrëtt vum Minister iwwer deem säi Virgoe beim Projet Sportsmusée diskutéiert. Si hunn analyséiert, wéi vill dës Affär d’Koalitioun belaascht huet, an sech awer och doriwwer eraus gefrot, wat d’Regierung bis elo geliwwert huet an ob si iwwerhaapt nach alles am Grëff huet. Och d’Episod no der Demissioun an der Regierungsëmbildung mam Titel „Ee Minister geet, d’Problemer bleiwen“ gehéiert zu de meescht gelauschterten Episoden vun dësem Joer.

Eng Cyberattack, d‘Logementskris an d‘Monarchie

Ronn 1.900 Nolauschterer hu sech da fir d’Episod „Eng Cyberattack, déi alarméiert“ interesséiert. Do goung et ëm d’Cyberattack géint d’Post Enn Juli 2025. D’Journaliste vu Reporter.lu hunn dobäi doriwwer diskutéiert, wat dee Virfall iwwer d’Resilienz vu Lëtzebuerg ausseet, wat vum Krisemanagement ze hale war, a wéi eng Conclusioune misste gezu ginn.

Op der drëtter Plaz steet mat just e puer Nolauschterer manner eng Episod, déi sech mam éiwege Suergekand vun der Lëtzebuerger Politik beschäftegt. Si hat den Titel „En éischte Schrëtt eraus aus der Immobiliekris?“ an huet sech am Abrëll 2025 mat enger méiglecher Relance vum Logementsmarché befaasst. Ma och mat de Froen, wat d’Mesure vun der Regierung bruecht hunn oder wéi eng aner Facteuren en Impakt op d’Situatioun haten.

Op ganz vill Interessi ass dann och d’Episod „Vive de Grand-Duc, mee firwat eigentlech?“ gestouss. Dës Episod stoung am Zeeche vum Trounwiessel am Oktober 2025 an huet sech mat Froe befaasst, wéi d’Monarchie Politik a Gesellschaft gepräägt huet, wéi eng Roll de Grand-Duc am Land iwwerhaapt nach spillt a firwat et zu Lëtzebuerg kéng wierklech Beweegung fir d’Aféierung vun enger Republik gëtt.

Mee net nëmmen Episoden iwwer national Sujete kréie vill Resonanz. Nolauschterer vu „On the Record“ sinn och un internationalen Themen interesséiert. Sou ass d’Episod „Eng nei Ära an der Weltpolitik“ eng vun deene meescht gelauschterten am Joer 2025.

Pensiounen, Projet Alpha an aner Dauerbrenner

Natierlech war och d’Pensiounsreform en Thema, dat Reporter.lu am Podcast behandelt huet an och do op vill Interessi bei de Nolauschterer gestouss ass. An der Episod „Eng Pensiounsreform ouni Konsens“ goung et am Mee 2025 dorëms, wat d’Regierung wëlles huet, wien dovu besonnesch betraff wier a wat d‘Reform brénge kéint.

Scho bal e Klassiker bei „On the Record“ ass de Sujet vun de politesche Beamten. An och 2025 ass dat Thema op vill Resonanz gestouss. An der Episod „Wéi vill politesch Beamte brauch d’Land?“ gouf doriwwer geschwat, wéi eng nei politesch Beamten d’CSV-DP-Regierung nominéiert huet, wat mat deenen ale Conseillere geschitt a firwat dës Lëtzebuerger Traditioun och weiderhi problematesch ass.

De „Projet Alpha“, also d’ d’Alphabetiséierung an der Grondschoul och op Franséisch war 2025 gläich zweemol Thema am Podcast. D’Episod „An elo, en français s’il vous plaît“  huet sech dobäi Enn Januar scho mat de Contraintë bei der Ëmsetzung vun deem Projet an der Approche vum Minister Claude Meisch befaasst – awer och domat, firwat dës Reform dach awer wichteg ass.

Déi nei Regierung an Däitschland, déi gouf Ufank Mee bei „On the Record“ thematiséiert. Diskussiounen an der Episod „Kanzler Merz, d’AfD an eng nei ADR-Debatt“ hunn deemools ëm de Programm vun der schwaarz-rouder Koalitioun gedréint, awer och ëm d’Fro, wéi si den Opstig vun der rietsextremer AfD stoppe wëll  – a wéi eng Parallelle et do zum Ëmgang mat der ADR zu Lëtzebuerg gëtt?

Eng Regierung ënner Drock a polariséiert Debatten

Déi Lëtzebuerger Regierung hirersäits war natierlech en „Dauergaascht“ bei „On the Record“. Ganz vill gelauschtert gouf do Mëtt November d‘Episod „Eng Regierung ënner Dauerdrock“, wou et ëm d’Kritik vun de Gewerkschaften an de Dokteren, ëm d’Stëmmung an der Koalitioun an d’Schold vum Premier Luc Frieden un där ganzer Situatioun goung.

An der Episod „Gutt, datt mir driwwer geschwat hunn?“ goung et Enn Januar ëm e Sujet, dee polariséiert: Sollen LGBTQ+-Sujeten an der Schoul behandelt ginn? Deemools gouf et dozou eng ëffentlech Debatt an der Chamber an d’Journalisten hunn am Podcast opgeschafft, wat déi Diskussiounen iwwer d‘Polariséierung zu Lëtzebuerg aussoen.

D’Elektromobilitéit, déi war Mëtt Januar Thema bei „On the Record“: An der Episod „Alles elektresch oder wat?“ goung et dorëms, op d’Zil, datt bis 2030 49 Prozent vun de Gefierer zu Lëtzebuerg sollen Elektroautoe sinn, nach realistesch ass, wéi eng Contrainten et ginn an ob d’Politik déi néideg Mesurë getraff huet.

Weider Episoden, déi op vill Resonanz gestouss sinn, waren „Ee Like, deen déif blécke léisst“ iwwer d’Affär Tom Weidig, „Kann déi Rechnung nach opgoen?“ iwwer d’Entwécklung vun de Staatsscholden an „D’WhatsApp-Diplomatie vum Xavier Bettel“ iwwer de Politikstil vum Lëtzebuerger Ausseminister.


Méi zum Thema