No schwierege Jore gëtt et nees méi Aktivitéit um Logementsmarché. Dat soen déi neisten Zuelen. Hunn d’Mesure vun der Regierung deemno gegraff? Oder ginn et aner Facteuren? An ass déi Relance vun Dauer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Wann d’Zil vun de Mesure war, d’Präisser no der Chute nees e bëssen ze stabiliséieren, dann ass dat gegléckt. Wann awer d’Zil war, datt nees méi Wunnenge gebaut ginn, do muss ee soen, datt ass net gegléckt“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. Hien bezitt sech do op déi temporär steierlech Mesure, mat deenen d’Regierung nees Schwong an de Marché wollt bréngen. „Ob déi Mesure wierklech zu enger nohalteger Relance gefouert hunn oder ob si vläicht souguer déi reell Situatioun um Immobiliemarché verzerren, dat muss d’Zäit weisen“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Laurent Schmit gesäit dann och éischter d’Baisse vun den Zënsen als de Facteur, datt et elo nees méi Aktivitéit um Marché gouf. An verweist gläichzäiteg drop, datt niddreg Zënsen iwwer vill Joren eréischt dozou gefouert hunn, datt de Lëtzebuerger Immobiliemarché fir vill Investisseuren esou interessant war, wat d’Präisser an d’Luucht gedriwwen huet. „An do ass de Probleem, datt déi viregt Regierung vill ze spéit op déi explodéierend Präisser reagéiert huet respektiv iwwerhaapt keng Moyenen dogéint fonnt huet. An elo koum et zu enger Kurskorrektur, déi awer richteg wéi deet“, sou de Laurent Schmit.

Wéi et mam Logement zu Lëtzebuerg weider geet, datt schwéier ze soen. „Et sinn ongewëss an onstabil Zäiten“, seet de Pit Scholtes a verweist op de Réckgang bei der Wirtschaftsleeschtung an um Aarbechtsmarché. An villes dovu géing mam Logement zesummenhänken, soe béid Journalisten. „De Logement ass d’Achillesfers vu Lëtzebuerg. A wann een dee Probleem net an de Grëff kritt, da kann een all déi aner wirtschaftlecher Mesuren, fir Leit unzezéien oder ze entlaaschten, vergiessen.“, seet de Laurent Schmit. „An déi Urgence, déi Prioritéit gesinn ech nach ëmmer net am Handele vun der Regierung.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema