Den Defizit am Staatsbudget gëtt ëmmer méi grouss an d’Schold klëmmt. Ass dat einfach déi nei Realitéit? Wäert de Wuesstem dat scho reegelen? Oder muss d’Regierung hir Finanzpolitik iwwerdenken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Dat, wat feelt, ass d’Perspektiv, datt dat alles nach soll opgoen. Säit der Finanzkris war Konsolidéierung vum Staatsbudget ni wierklech en Thema zu Lëtzebuerg. Mee wann dat déi nei Normalitéit ass, da muss een sech och domat ausernee setzen“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“, wou et dës Kéier ëm d’Finanzpolitik vun der Regierung goung. „Heescht dat, datt d’Staatsschold einfach ëmmer weider wiisst an datt mir déi Käschten, déi dat mat sech bréngt, einfach akzeptéieren? Deen Debat muss eemol méi oppen an an der Déift gefouert ginn“, fënnt de Chefredakter vu Reporter.lu.

„Bei der Defense klammen d’Ausgaben enorm, mee an aner Beräicher gëtt eher den absolutte Minimum gemaach“, seet sengersäits de Pol Reuter mat Bléck op de Budget fir 2026 an op de Pluriannuell. „Do hätt ee scho kënnen erwaarden, datt do méi Sue fléissen, grad, wann ee bedenkt, wat fir grouss Transformatiounen nach op eis duerkommen“, sou de Journalist vu Reporter.lu. Hien schwätzt och déi steierlech Entlaaschtungen un, déi dës Koalitioun no der CSV hire Verspriechen am Walkampf decidéiert hat, a freet sech op déi an där Envergure an der aktueller ekonomescher Situatioun gerechtfertegt waren. An da soll jo och nach ëmmer eng gréissser strukturell Steierreform kommen.

Ouni weider Scholde kann déi Rechnung net opgoen. „Scholde sinn aktuell wuel noutwenneg, wann net souguer alternativlos“, seet de Christoph Bumb. Mee héich Scholden hätten och hire Präis, si wieren net gratis. „Trotz enger Nidderegzënszäit klammen och d’Käschte fir d’Bedénge vun de Scholdzënsen. Dat si Suen, déi een net op aner Plazen asetze kann. An do si mer awer mëttlerweil an enger Gréisstenuerdnung, déi politesch net méi ze leegnen ass.“

Mat Bléck op de Finanzement vum Pensiounssystem an den Defizit bei der Gesondheetskeess schwätze béid Journalisten och déi sougenannt implizit Staatsverscholdung un. „Wann d’Wirtschaft nëmmen e bësse méi lues dréit , dann huet Lëtzebuerg e Probleem, well da gëtt déi implizit Schold relativ séier explizit. An e bësse méi Bewosstsi vun der Politik fir d’Envergure vun där Entwécklung wär schonn hëllefräich“, mengt do de Christoph Bumb.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema