Bis 2030 sollen 49 Prozent vun de Gefierer zu Lëtzebuerg Elektroautoe sinn. Ass dat Zil nach realistesch? Wéi eng Contraintë gëtt et op dem Wee? An huet d’Politik déi néideg Mesurë getraff? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Eppes, wat mir opfält ass, datt dës Regierung genee de Contraire mécht vun deem, wat si seet“, seet de Laurent Schmit. An deem Fall bezitt hien sech op d’Elektromobilitéit, wou hien déi sozial Staffelung vun de Bäihëllefe vermësst, vun där de Premier Luc Frieden nach kuerz no de Wale geschwat hätt. Elo hätt d’CSV-DP-Koalitioun zwar steierlech Virdeeler fir Leasing-Autoe vu Betriber verlängert, mat där selwechter Argumentatioun awer d’Bäihëllefe fir Elektroautoe vu Privatpersoune gekierzt, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. „Meng Analys ass, datt si einfach gemierkt hunn, datt dat fir de Staat ze deier gëtt.“
Wat dat Zil vum nationale Klimaplang ugeet, datt bis 2030 mindestens 49 Prozent vum nationale Fuerpark aus Elektroautoe bestoe soll, misst een d’Fro stellen, ob dat Zil iwwerhaapt realistesch war, mengt sengersäits de Pit Scholtes. „Dat hänkt och nëmme bedéngt vun den Entscheedungen zu Lëtzebuerg of, well d’Offer gëtt vu Produzenten am Ausland gemaach“, sou de Journalist vu Reporter.lu. Mee letztendlech wier et natierlech de Choix vum Konsument.
Vun de Produzenten erwaart sech de Pit Scholtes, datt si an de nächste Jore vill méi Elektroautoen op de Marché bréngen, déi méi Leit sech leeschte kënnen. Vill Potenzial gesi souwuel de Pit Scholtes wéi och de Laurent Schmit am Elektroauto-Occasiounsmaart, wou d’Regierung jo och eng Subventionéierung decidéiert hätt. Ob dat déi zwee Journalisten an aner Leit dozou beweegt, sech elo um „Autofestival“, en Elektroauto ze kafen, ass eng aner Fro an dëser Episod vun „On the Record“.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



