An Zukunft soll d’Alphabetiséierung an der Grondschoul och op Franséisch méiglech sinn. Firwat ass dës Reform wichteg? Wat sinn d’Contraintë bei der Ëmsetzung? A wéi ass d’Approche vum Minister ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Schonn zur Schoulrentrée 2026/27 sollen d’Kanner an de Lëtzebuerger Primärschoulen och kënnen op Franséisch alphabetiséiert ginn. Et ass eng fundamental Reform, déi den Educatiounsminister an den Ae vum Pol Reuter awer clever ugaangen ass. „Et war politesch schlau vum Claude Meisch, als éischt mol op de Wee vun engem Pilotprojet ze goen“, seet de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. „Mee et ass och kloer, datt hien do eng typesch Claude-Meisch-Politik gemaach huet, andeems hien d’Enseignantë viru Faits accomplis gesat huet.“
Bei der Generaliséierung vum Projet géingen sech awer nach vill Froe stellen, well een alt nees méi Personal an och méi Plaz bräicht, sou der Pol Reuter. Sou géing et dann och schonns Kritik vun de Gewerkschafte ginn. Aus der Politik an och aus der Bevëlkerung géing een awer nach wéineg héieren. „Dat läit dorun, datt de Ministère lo nach net wierklech kommunizéiert, awer virun allem och dorun, datt herno fir d’Kanner an hir Elteren nach ëmmer de Choix bleift“, mengt de Pol Reuter.
Fir de Journalist ass dës Reform egal wéi ee richtegen Usaz, fir bestoenden Ongerechtegkeeten am System entgéingt ze wierken. Hie mécht awer och op Etuden opmierksam, déi weisen, datt d’Sprooch, déi d’Kanner doheem schwätzen, dat Wichtegst ass. „An do muss een sech fir de Lëtzebuerger Schoulsystem d’Fro stellen, op net eng Alphabetiséierung op Portugisesch opportun wier, wann ee wierklech wéilt ganz konsequent sinn.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



