D’Regierung huet hir Pläng fir eng Pensiounsreform op den Dësch geluecht. Mee et bleiwe vill oppe Froen: Wat huet d’Koalitioun wëlles? Wien géing dës Reform besonnesch betreffen? A wat kann si bréngen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et wäert net net zu enger Pensiounsreform kommen.“ Dat seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“ a behält domat zumindest eppes Konkretes aus de rezenten Erklärunge vun der Sozialministesch Martine Deprez (CSV) zréck. Si war dës Woche virun d’Press getrueden a huet do erkläert, wéi et lo a puncto Pensiounsreform weidergeet. Dat nodeems de Premier Luc Frieden (CSV) a senger Ried zur Lag vun der Natioun fir d’éischte Kéier d’Iddie vun der Regierung ëffentlech gemaach an domat vill Froen opgeworf hat. „Mir wësse lo e bësse méi iwwert d’Logik hanner där Reform, mee et feelen nach ëmmer Zuelen a Berechnungen, déi weisen, wéi dës Reform de Pensiounssystem ofséchere soll“, seet sengersäits de Pit Scholtes.

Déi zwee Journaliste vu Reporter.lu haten sech schonn no den Annonce vum Luc Frieden mat der Fro „Was taugt das Rentenkonzept der Regierung?“ befaasst an tauschen sech doriwwer och an dëser Episod vun „On the Record“ aus. Ob d’Iddi vun der Regierung, fir duerch eng progressiv Erhéijung vun de Bäitragsjoren de reelle Pensiounsantrëttsalter méi no un de gesetzlechen Antrëttsalter ze bréngen, de System laangfristeg ofséchere kann, dat wier schwéier soen, erkläert de Pol Reuter. „Dat hänkt och mat der Fro zesummen, ob do nach aner Finanzéierunge mat eraspillen. De Rapport vun der IGSS, mat deem mir eis befaasst hunn, deen huet gewisen, datt aleng déi dote Mesure engem just eng Marge vun zwee bis dräi Joer gëtt“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Nieft de Propose schwätzen de Pol Reuter an de Pit Scholtes awer natierlech och iwwert d’Virgoe vun der Regierung an doriwwer, datt offensichtlech d’DP-Deputéiert net am Virfeld iwwert d’Annonce vum Premier informéiert waren. „Ech mengen, d’DP huet déi ganz Saach e bëssen sou niewe laanscht lafe gelooss. A lo mierkt si, datt si do awer och onpopulär Mesure muss an der Majoritéit matdroen an elo och vläicht misst Positioun dozou bezéien“, sou de Pit Scholtes.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema