Vu Gewerkschafte bis Dokteren, d’Regierung gëtt aktuell op méi Fronten attackéiert. Wéi berechtegt ass d’Kritik? Wéi ass d’Stëmmung an der Koalitioun? A wéi vill Schold huet dorun de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„D’Gewerkschafte schéngen do eng nei Bréiffrëndschaft zum Luc Frieden opgebaut ze hunn. Oder eng Bréiffeindschaft, wann een sou wëll“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. Hien bezitt sech do op zwee Bréiwer vun OGBL an LCGB un de Premier, an deem si den Aarbechtsminister Georges Mischo an d’Gesondheetsministesch Martine Deprez kritiséieren. „Dat weist, datt de normale Sozialdialog an den Ae vun de Gewerkschaften net méi méiglech ass an een dowéinst op aner Methode setze muss“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Béid Ministeren – a mat hinnen déi ganz Regierung – stinn aktuell ënner Drock. De Georges Mischo wéinst sengem Virgoe bei enger ganzer Rëtsch vu Projeten zum Aarbechtsrecht an d’Martine Deprez wéinst hirer Gesondheetspolitik. Do erwaarden sech jo d’Dokteren eng Ouverture hin zu méi Liberaliséierung. An d’Ministesch muss dat ëmsetzen, wat CSV an DP ugekënnegt haten. Dat ass awer net esou einfach: „De Probleem ass, datt dee Koalitiounsaccord eppes versprach huet, wat net ze hale war“, seet de Pol Reuter, deen an dem Kontext op eng ganz Rei vu Projeten ageet an do eng wierklech Strategie vermësst.

„D’Martine Deprez ass elo an enger Situatioun, datt si tëscht ganz verschiddenen Interêten hin an hir jongléiere muss an u sech keng kloer Virgab vum Luc Frieden huet, wéi een doraus kënnt. Dobäi dréit de Programm vun der CSV d’Handschrëft vum Premier an och de Pouvoir zentraliséiert sech bei him. An natierlech steet och virun allem de Luc Frieden dofir hei an der Responsabilitéit“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Dat Ganzt géing dann och op d’Stëmmung an der Koalitioun drécken. „Also, déi ass sécher net esou gutt, wéi d’Regierung dat ëmmer betount. Et gi verschidde Leit bei der CSV, déi duerchaus genervt sinn, datt d’DP net esou an der Kritik steet wéi si“, seet de Pol Reuter, deen an dëser Episod och op d’Rumeuren ëm eng méiglech Regierungsëmbildung ageet.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema