Iwwer zwee Joer sinn CSV an DP nawell un der Muecht. Wat huet d’Regierung bis elo wierklech geliwwert? Huet si d’Lag am Grëff? An gëtt de Georges Mischo elo endgülteg zur Belaaschtung fir d’Koalitioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’Affär ëm de Projet fir een nationale Sportsmusée ass fir d’Lëtzebuerger Politik een aussergewéinleche Virgang. Ee Pre-Accord mat enger Immobiliefirma, an d’Kommunikatioun vum Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo (CSV) säitdeem, werfe kritesch juristesch a politesch Froen op, wéi Reporter.lu ugangs der Woch detailléiert bericht hat.
Elo kritt den Dossier Suitten um héichste politeschen Niveau. Eng weider exklusiv Recherche vu Reporter.lu weist nämlech, datt de Finanzminister Gilles Roth (CSV), de Plang vu sengem Parteikolleeg Georges Mischo a senger aktueller Form dës Woch op Äis geluecht huet. De Grond: De Sportminister hat laut Koalitiounskreesser de Regierungsrot net iwwer all Detailer – an notamment net iwwer den Deal mat der Firma „IKO Real Estate“ vum Promoteur Éric Lux – informéiert. Domat stellt sech net nëmmen d’Fro iwwer d’Zukunft vum Projet Sportsmusée, mee och iwwer dat politescht Schicksal vum Minister Mischo.
De grousse Problem ass, datt de Georges Mischo de Problem net wierklech gesäit.“
Pit Scholtes, Journalist vu Reporter.lu
„Ech froe mech, inwifern een nach kann engem Minister vertrauen, deen offensichtlech net weess wéi d’Prozedure sinn, an deen de Staat bei private Promoteuren engagéiert, an enger Form, déi héchstwarscheinlech zumindest Gesetzer contournéiert“, analyséiert de Pol Reuter an der neier Episod vum Podcast „On the Record“ déi ganz Affär am Gespréich mat senge Redaktiounskolleege Pit Scholtes a Christoph Bumb vu Reporter.lu.
De Journalist, dee scho méi laang un dësem Dossier schafft, ass selwer iwwerrascht iwwer déi politesch Envergure, déi dat politesch Verhale vum Aarbechts- a Sportminister bewierkt hätt. De Georges Mischo hätt mat sengem Virgoe virun allem de Finanzminister, also een net onwichtege Politiker, an zemools een aus der eegener Partei, „desavouéiert“. Mee en hätt och de ganze Regierungsrot getäuscht, jo op gutt Lëtzebuergesch gesot „ugeschass“, sou de Pol Reuter nach.
„De grousse Problem ass, datt de Georges Mischo de Problem net wierklech gesäit“, mengt dozou de Pit Scholtes. Déi nei Affär géif egal wéi och op déi ganz Regierung zeréckfalen, also „wann elo net iergendwéi gehandelt gëtt“. An dat géif natierlech och op de Premier a säi Regierungsstil zeréckfalen. Also notamment op déi bekannt Attitüd vum Regierungschef, dee jo wéilt, „datt seng Minister him Rechenschaft schëlleg sinn, an dat huet jo hei einfach net stattfonnt“, sou d’Aschätzung vum Journalist vu Reporter.lu.
Mir sinn op engem Punkt ukomm, wou een sech an der Regierung d’Fro stelle muss, ob et elo net awer duergeet.“
Pol Reuter, Journalist vu Reporter.lu
„Eng Regierung fonctionéiert jo just gutt, wann et ee Vertrauensverhältnes tëschent de verschiddene Ministere gëtt“, seet de Pol Reuter, deen och drun erënnert, datt des Regierung awer schonns zanter Méint ugeschloe wier. „An si ass duerch de Georges Mischo, jo haaptsächlech duerch de Georges Mischo ugeschloen.“ Et wär een elo allerdéngs „op engem Punkt ukomm, wou een sech an der Regierung d’Fro stelle muss, ob et elo net awer duergeet.“ Souwuel de Pit Scholtes wéi och de Pol Reuter wëllen awer net ausschléissen, datt de Luc Frieden versiche wäert, déi Affär auszesëtzen, an am léifsten sou weider maache géif wéi bis elo.
Am Podcast ginn d’Journalisten dann och nach op aner aktuell politesch Theme wéi déi parlamentaresch Debatt iwwer de Projet Alpha an – a si zéie méi generell en Tëschebilan vun der Regierungsaarbecht vun CSV an DP, also deene Parteien, déi mëttlerweil knapps iwwer zwee Joer un der Muecht sinn. Dobäi geet et virun allem ëm de Bilan an der Logements-, Wirtschafts- a Finanzpolitik – an domat letztendlech ëm déi nohalteg Risike fir d’Weiderféierung vum Lëtzebuerger Modell.
Eis Journalisteronn setzt sech dann och nach mam Demokratieverständnis vum Premier Luc Frieden auserneen, dat fir si vun enger „ganz spezieller Mëschung aus Arroganz an Naivitéit“ gepräägt wier. An et wier dofir och symptomatesch fir déi Beräicher, wou d’Regierungspolitik keen allze gudden Androck hannerloosse géif.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.



