Däitschland huet eng nei Regierung. Wéi ass hire Programm anzeschätzen? Wéi wëll si den Opstig vun der rietsextremer AfD stoppen? An wéi eng Parallelle gëtt et zum Ëmgang mat der ADR zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Den neien däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz ass réischt am zweeten Ulaf vum Bundestag gewielt ginn. Dat wier zwar ee suboptimale Start, mee méi wichteg wär d’Fro, wéi eng Politik déi nei Koalitioun aus CDU/CSU an SPD da maache wëll, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“.

Déi nei Regierung wéilt sech zum Beispill un enger méi strikter Migratiounspolitik moosse loossen. Mee genau dat wär eng heikel Strategie. Well wann déi héich Erwaardungen net erfëllt ginn, da kéint dat um Enn d’Populiste vun der AfD nach méi stäerken „wéi wann ee guer näischt annoncéiert hätt“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

De Laurent Schmit betount an deem Kontext déi vun der däitscher Regierung och annoncéiert verstäerkt Grenzkontrollen. Déi sougenannt „Zurückweisungen“ vun Asylbewerber un de Grenze kéinten nämlech och en Impakt op Lëtzebuerg hunn. Wann déi däitsch Autoritéiten elo soen, „mir huele keng Demandeure méi op, dir musst der och huelen“, da wär dat eng weider Erausfuerderung fir d’Land. Och well déi Lëtzebuerger Verwaltungen elo schonns mat der Opnam vu Flüchtlingen iwwerfuerdert wieren.

De Koalitiounsprogramm kéint deemno och zu „schwieregen diplomatesche Situatioune“ féieren, sou de Laurent Schmit. Et misst een nämlech wëssen, datt verschidde geplangt Mesurë vun der däitscher Regierung net nëmme politesch, ma och europarechtlech ganz ëmstridde wieren.

D’ADR ass nach ëmmer net d’AFD. Mee et ginn awer Entwécklungen, wou ee kloer rietsextrem Tendenze vun der ADR dru festmaache kann.“Christoph Bumb

Och an anere Politikberäicher géif sech déi schwiereg Ausgangslag vun der neier Koalitioun weisen, erkläert de Laurent Schmit. An hirem Programm géifen zwar vill Reformen ugedeit, mee eng wierklech politesch Visioun wier net ze erkennen. Dobäi hätt virun allem den neie Kanzler ee grousse Glafwierdegkeetsproblem, well hien – änlech wéi de Luc Frieden zu Lëtzebuerg – „ëmmer den Dram hat, Regierungschef ze ginn“. Mee lo, wou hien et ass, missten den CDU-Politiker eng ganz aner Politik maache wéi déi, un déi hien ëmmer gegleeft huet.

Beim Friedrich Merz géif dee Reproche vum „Wahlbetrug“ natierlech hänke bleiwen, betount och de Christoph Bumb. Den neie Kanzler hätt am Walkampf an der Finanz- a Scholdepolitik genau de Géigendeel vun dem versprach, wat seng Regierung elo plangt. Och wann et realpolitesch wuel richteg an néideg wier, wier dat schonn eng flagrant politesch Pirouette, déi um Enn och erëm der AfD an d’Kaarte spillt.

Rietspopuliste sinn net un engem Debat interesséiert. Dat weist sech och bei der ADR zu Lëtzebuerg ëmmer méi kloer.“Laurent Schmit

Am Podcast geet et awer och ëm eng rezent Kontrovers an der Lëtzebuerger Politik- a Mediewelt. Datt d’Zeitung „Luxemburger Wort“ sech an enger Stellungnam géint eng „Brandmauer“ géint d’ADR ausgeschwat huet, gesinn d’Journaliste vu Reporter.lu virun allem wéinst der pauschaler Argumentatioun kritesch. De Problem wier net, datt d’ADR hei hir Meenung äussere kéint, mee datt een dëser Partei als Medium dofir am Numm vun der Meenungsfräiheet eng Plattform gëtt – an dat ouni problemateschen Äusserungen ze widderspriechen.

„D’ADR ass nach ëmmer net d’AFD. Mee et ginn awer Entwécklungen, wou ee kloer rietsextrem Tendenze vun der ADR dru festmaache kann“, sou d’Aschätzung vum Christoph Bumb. „Do muss een sech dann d’Fro stellen: Wéi geet déi ganz Gesellschaft domat ëm, mee notamment och d’Medien“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. „Rietspopuliste sinn net un engem Debat interesséiert. Et geet hinnen net ëm déi inhaltlech Ausernanersetzung“, seet dozou de Laurent Schmit. Dat géif sech och bei der ADR zu Lëtzebuerg ëmmer méi kloer weisen. D’Roll vun enger kritescher Press wär awer, grad dorop hinzeweisen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.