Wéi hir Virgänger huet och déi aktuell Regierung eng Rei politesch Beamten ernannt. Wien sinn déi nei Leit? Wat geschitt mat den ale Conseilleren? A firwat ass dës Lëtzebuerger Traditioun problematesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi no all Regierungswiessel koum et och dës Kéier zu villen Nominéierunge vu politesche Beamten. Déi al Conseillere verloossen awer net automatesch de Staatsdéngscht. Si schaffen entweder weider mat de neie Ministeren zesummen oder si gi placardéiert. An dat ass net onproblematesch, well déi Beamten hunn en héije Grad an en entspriechende Salaire. „Wann ee bedenkt, datt do Leit mat deene Paie sëtze fir näischt ze maachen, obwuel se jo zumindest ënner enger viregter Regierung bewisen hunn, dat se gewëss Kompetenze matbréngen, da freet een sech schonn, ob do net einfach Steiergelder verschwent ginn“, seet dozou de Pol Reuter am Podcast „On the Record“.

De Journalist vu Reporter.lu beschäftegt sech reegelméisseg mat dësem Sujet an huet dozou dës Woch och e neien Artikel mat Titel „Auf dem Weg zum CSV-DP-Staat“ publizéiert. Bei där Recherche huet hie festgestallt, datt an de leschte Méint virun allem an DP-Ministèren zu ville neien Nominéierunge vu Parteifrënn koum. „Do fält op, datt de Mobilitéitsministère vum Yuriko Backes zu enger Aart Opfaangbecken fir DP-Memberen, also fréier Mataarbechter vun der Fraktioun oder och politesch méi exposéierte Leit, ginn ass“, sou de Pol Reuter.

Op der aner Säit hu grad vill politesch Beamten, déi lokalpolitesch fir d’LSAP an Erscheinung getruede sinn, mëttlerweil de Staatsdéngscht verlooss. Dat betrëfft virun allem d’Ministère vum Georges Mischo. Et ginn awer och Ministeren, déi weider mat den ale Conseilleren zesummeschaffen. „Dat ass zum Beispill de Fall beim Lex Delles, deen am Beräich vun der Energie vill Beamte vum Claude Turmes iwwerholl huet“, erkläert de Pol Reuter. „Dat gëllt awer och fir d’Martine Deprez, déi an hirem Ministère souguer eng enk Mataarbechterin vum Paulette Lenert viru Kuerzem promouvéiert huet“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema