Sollen LGBTQ+-Sujeten an der Schoul behandelt ginn? Dat war dës Woch Thema an der Chamber. Wat ass vum Debat zréckzebehalen? An wat seet en iwwer déi politesch Polariséierung zu Lëtzebuerg aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Hei gouf schonn eng kontrafaktesch Debatt gefouert, mee déi war awer elo nach net op engem Niveau, wéi mer et zum Beispill aus den USA kennen. Mee mir hunn awer hei e Knackpunkt, wou dat ganz séier ka kippen an déi Richtung.“ Dat seet de Pol Reuter iwwer den ëffentlechen Debat an der Chamber, bei deem dës Woch doriwwer diskutéiert gouf, ob LGBTQ+-Themen an d’Schoul gehéieren oder net. Hannergrond vun der Diskussioun waren zwou géigesätzlech Petitiounen.
„Grad déi Petitioun, déi sech géint esou Themen an der Schoul wiert, huet gewisen, datt déi an d’Schoul gehéieren“, fënnt de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. „Wann souguer de Petitionär Schwieregkeeten huet, fir déi verschidde Begrëffer auserneen ze halen, weist dat jo, datt hien net amstand ass, am Fall wou, op Froe vu Kanner ze äntweren“, sou de Pol Reuter am Hibléck op d’Fuerderung dat esou Theme sollen den Eltere virbehale sinn.
Vum Debat u sech zitt de Journalist en éischter erniichtere Bilan. Et wär ofzegesinn gewiescht, wéi dee wäert oflafen: „Dat war elo keen Debat, wou een deen aner probéiert huet ze iwwerzeegen, dorëms goung et guer net.“ Scho wärend dem Debat hätt déi eng Säit ze verstoe ginn, datt si sech vun den Deputéiert net wierklech gehéiert géing fillen. „An grad dat ass jo awer d’Iddi vun sou engem Debat, datt ee ka roueg iwwer Saache schwätzen. Mee dat war hei guer net méiglech, einfach och, well d’Positiounen op béide Säiten sou kloer sinn.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.




