Säit dem Comeback vum Donald Trump ginn déi transatlantesch Relatioune méi wéi jee a Fro gestallt. Wat bedeit dat fir Europa? A wéi realistesch ass eng eegestänneg Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„D’Fro ass, wéi sou villes beim Donald Trump: Wat ass Kulturkampf, wat ass Provokatioun a wat eng wierklech politesch Strategie? Mee um Beispill vun der Ukrain kann een awer gesinn, datt dës US-Regierung villes a Fro stellt, wat iwwert en halleft Joerhonnert Acquis war a wat notamment d’Bezéiung tëscht Europa an den USA laang definéiert huet“, seet de Christoph Bumb. Eleng doduerch wier et kloer an evident, datt d’europäesch Staaten sech nei opstelle missten, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am „Podcast „On the Record“.
Déi grouss Fro wier awer, wéi realistesch déi sou oft gefuerdert „eegestänneg Verdeedegungspolitik vun der EU“ an der Praxis ass. „Et geet lo an eng Richtung, wou d’Europäer awer erëm reagéieren a gedriwwe sinn, wat net hëlleft, fir den Usproch vun der EU als weltpoliteschen Acteur ze erfëllen“, analyséiert de Christoph Bumb. D’EU géif sech en plus net just mat Bléck op de Krich an der Ukrain, mee och mat hirer aktueller institutioneller Funktiounsweis selwer am Wee stoen.
De Christoph Bumb gesäit dofir eng realistesch Perspektiv doranner, datt déi grouss Staaten, notamment Däitschland a Frankräich, awer och Groussbritannien, de Lead iwwerhuelen, fir eng nei militäresch Kooperatioun opzebauen, net géint, mee parallel zur NATO, un déi sech aner Länner kéinte ralliéieren, virun allem an Osteuropa, déi dorunner an der aktueller geopolitescher Lag een Interessi hätten.
„Ech mengen, dat ass dat, op wat et erausleeft, mee och dat ass natierlech net esou einfach, wéi et am éischte Moment kléngt“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. Dat géif awer net zulescht um Opstig vu populisteschen a rietsextreme Parteien an Europa leien, „déi kee staarkt Europa wëllen, mee d’Welt éischter sou gesinn wéi Russland a mëttlerweil och d’USA“ – an dofir géifen si jo och genau vun deene Staaten aktiv ënnerstëtzt ginn.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



