Wat sinn déi Storyen, déi de Journaliste vu Reporter.lu 2023 am meeschten an Erënnerung bliwwe sinn? Zu wéi engem Sujet hunn si e spezielle Bezuch? Wéi eng Recherche huet si besonnesch markéiert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

Eng spannend Recherche, eng onerwaarten Affär oder e mënschlecht Schicksal, dat beréiert: Fir Journaliste ginn et vill Grënn, wisou hinnen eng Story besonnesch um Häerz läit. Oft sinn si och einfach ganz no um Zäitgeschehen. „Fir mech perséinlech war eis Reportage um Walowend den 8. Oktober den Highlight“, seet de Christoph Bumb op d‘Fro, wéi eng Story vu Reporter.lu hien dëst Joer speziell markéiert huet. „Sou en Owend huet schonn eppes Historesches a wann een do als Journalist dobäi ass, dann ass dat scho spannend“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

An dëser méi spezieller Episod geheien d’Journaliste vu Reporter.lu e ganz perséinleche Bléck zréck op 2023. De Pol Reuter erzielt, wéi hien d’Affär ëm de „Science Center“ opgedeckt huet, an de Laurent Schmit, wéi hien op Basis vun engem Opruff un d’Lieser vu Reporter.lu „Die Hürden der Energiewende“ opweise konnt. D’Fiona Kieffer erkläert, firwat déi „Zehn Thesen für eine Erneuerung der Demokratie“ e gutt Beispill vu konstruktivem Journalismus waren.

De Pit Scholtes erënnert sech am Podcast un d‘Schicksaler vun deene Leit, déi duerch en Iwwerbréckungskredit a finanziell Problemer gerode sinn, an d’Laurence Bervard erkläert, wéi wichteg investigativ journalistesch Aarbecht och op lokalem Niveau ass. De Luc Caregari sengersäits erzielt vu senger Bedeelegung un internationale Recherchen a wat fir Storyen him do besonnesch an Erënnerung bliwwe sinn.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema