Reporter.lu gibt es nicht nur in Form von geschriebenen Artikeln und Recherchen, sondern auch im Audioformat. Alle unsere Podcasts finden Sie hier.

Podcast „On the Record“

Eng nei Ära an der Weltpolitik

von Reporter.lu

Säit dem Comeback vum Donald Trump ginn déi transatlantesch Relatioune méi wéi jee a Fro gestallt. Wat bedeit dat fir Europa? A wéi realistesch ass eng eegestänneg Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Eng Schicksalswal fir Däitschland?

von Reporter.lu

No engem hëtzege Walkampf wielt Däitschland en neie Bundestag. Wéi eng Themen hunn dominéiert? Wéi eng Koalitiounen si méiglech? A wat kéint eng nei Regierung fir Lëtzebuerg an Europa bedeiten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Ee Like, deen déif blécke léisst

von Reporter.lu

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet mat sengem Verhalen op Facebook alt nees fir Opreegung gesuergt. Déi aner Parteien hunn dat schaarf verurteelt. Mee geet dat duer? Oder missten et méi Konsequenze ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Eng nei Flüchtlingspolitik?

von Reporter.lu

D’Asylpolitik vun der Regierung steet aktuell an der Kritik. Mee mécht Schwaarz-Blo esou vill anescht wéi hir Virgänger? Oder si virun allem d’politesch Messagen anerer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Gutt, datt mir driwwer geschwat hunn?

von Reporter.lu

Sollen LGBTQ+-Sujeten an der Schoul behandelt ginn? Dat war dës Woch Thema an der Chamber. Wat ass vum Debat zréckzebehalen? An wat seet en iwwer déi politesch Polariséierung zu Lëtzebuerg aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

An elo, en français s’il vous plaît

von Reporter.lu

An Zukunft soll d’Alphabetiséierung an der Grondschoul och op Franséisch méiglech sinn. Firwat ass dës Reform wichteg? Wat sinn d’Contraintë bei der Ëmsetzung? A wéi ass d’Approche vum Minister ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Alles elektresch oder wat?

von Reporter.lu

Bis 2030 sollen 49 Prozent vun de Gefierer zu Lëtzebuerg Elektroautoe sinn. Ass dat Zil nach realistesch? Wéi eng Contraintë gëtt et op dem Wee? An huet d’Politik déi néideg Mesurë getraff? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Wéi eng EU-Politik wëll de Luc Frieden?

von Reporter.lu

An der Regierung schéngt och d’Europapolitik Chefsaach ze sinn. Wou huet de Premier Luc Frieden bis elo Akzenter gesat? A wéi ass säi Verhältnis mam Ausseminister Xavier Bettel ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Wat erwaart eis 2025?

von Reporter.lu

De Comeback vum Donald Trump, Walen an Däitschland an eng onsécher Wirtschaftslag wäerten déi éischt Méint vum neie Joer prägen. Wat bedeit dat fir d’Weltpolitik? Wat steet fir Lëtzebuerg um Spill? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.