Reporter.lu gibt es nicht nur in Form von geschriebenen Artikeln und Recherchen, sondern auch im Audioformat. Alle unsere Podcasts finden Sie hier.

Podcast „On the Record“

Wat eis Redaktioun 2024 beweegt huet

von Reporter.lu

Ee Joer mat vill Aktualitéit a spannende Recherche geet op en Enn. Wat ass eiser Redaktioun besonnesch an Erënnerung bliwwen? Wou hat eis Aarbecht en Impakt? A wat wäert eis 2025 weider beschäftegen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

D’Hannergrënn vum Caritas-Skandal

von Reporter.lu

D’Caritas-Affär huet d’Aktualitéit vun de leschte Méint bestëmmt. Wou ass d’Enquête drun? Wat si Spekulatiounen, wat ass tatsächlech gewosst? A wéi eng Roll spille Journaliste beim Opschaffe vum Skandal? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Méi Kafkraaft, mee geet dat duer?

von Reporter.lu

D’Stäerkung vun der Kafkraaft ass fir d’Regierung eng absolutt Prioritéit. Mee geet den neien Entlaaschtungspak fir Bierger a Betriber duer? Oder brauch et och méi strukturell Reformen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Gëtt d’Nordstad jeemools Realitéit?

von Reporter.lu

D’Gemeng Bettenduerf zitt sech aus de Verhandlungen zur Nordstad-Fusioun zeréck. D’Bierger wëllen e Referendum. Bréngt dat de ganze Prozess un d’Stocken? Oder ka grad elo eng nei Dynamik entstoen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

D’Aussepolitik vum Xavier Bettel

von Reporter.lu

De Xavier Bettel ass mëttlerweil säit engem Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik mat him verännert? Wéi agéiert hien a geopolitesch brisanten Dossieren? A wéi an der Entwécklungshëllef? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Wat mécht Schwaarz-Blo anescht?

von Reporter.lu

D’Koalitioun tëscht CSV an DP ass mëttlerweil säit engem Joer am Amt. A wéi enge Beräicher ass eng nei Handschrëft ze erkennen? A wou gëtt et eng Kontinuitéit zur viregter Regierung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Wéi geet et weider mam Staatsrot?

von Reporter.lu

Den LSAP-Kandidat Max Leners ass net zum Member vum Staatsrot gewielt ginn. Wat sinn d’Hannergrënn vun dësem Vote? A wat bedeit dat fir de Fonctionnement vum Staatsrot? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

E Comeback mat ville Konsequenzen

von Reporter.lu

D’USA hu gewielt an den Donald Trump gëtt nees President. Wéi ass seng däitlech Victoire ze erklären? Wat bedeit eng zweet Amtszäit vum Republikaner fir Amerika? A wat fir de Rescht vun der Welt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Wéi steet d’Regierung zum Sozialdialog?

von Reporter.lu

Ob Aarbechtsrecht oder Pensiounsreform: D’Regierung zitt d’Roserei vun de Gewerkschaften op sech. Stécht do eng Strategie dohannert? An ass dat eng effikass Manéier fir Reformen ëmzesetzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.