Reporter.lu gibt es nicht nur in Form von geschriebenen Artikeln und Recherchen, sondern auch im Audioformat. Alle unsere Podcasts finden Sie hier.

Podcast „On the Record“

Wat bei den US-Walen um Spill steet

von Reporter.lu

Donald Trump oder Kamala Harris? Wéi ass d’Ausgangslag virun de Presidentschaftswalen an den USA? Wéi stabil ass d’US-Demokratie? A wat kéint d’Resultat fir Europa an déi ganz Welt bedeiten. Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Vu Fakten, Floskelen a falsche Verspriechen

von Reporter.lu

Mam Budget 2025 setzt de Gilles Roth „Kurs op muer. E Muer fir jiddereen“. Wéi steet et ëm d’Staatsfinanzen? Wéi realistesch sinn d’Prognose vun der Regierung? A geet si déi reell Problemer un? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Wéi geet et an der Caritas-Affär weider?

von Reporter.lu

D’Organisatioun „Hëllef um Terrain“ huet vill Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl. An awer bleiwen an der Affär eng Rei fundamental Froen oppen, net zulescht déi vun der Responsabilitéit. Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Wéini kënnt den Tram un?

von Reporter.lu

Den Tram-Reseau an der Haaptstad gëtt massiv ausgebaut. Den Zäitplang dofir ass zimmlech optimistesch. Kann dee Plang opgoen? Wou riskéiert een, Problemer ze kréien? A wéi packt d’Stad déi vill Chantieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Wéi Reporter.lu mat Plainten ëmgeet

von Reporter.lu

Eng kritesch an investigativ Press riskéiert och zu Lëtzebuerg ëfters verklot ze ginn. Dat ass op mannst déi rezent Erfarung vu Reporter.lu. Wat stécht hannert esou Plainten? Wéi geet eng Redaktioun domat ëm? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

D’politesch Ofwéckelung vun der Caritas

von Reporter.lu

D’Caritas Lëtzebuerg gëtt duerch eng nei Organisatioun ersat, international Projete ginn agestallt. Wéi eng Roll spillt dobäi d’Regierung, notamment de Premier an de Kooperatiounsminister? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Eng Recherche voller Hindernisser

von Reporter.lu

Wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg bei Frontex-Missiounen? Dat huet d’Journalistin Charlotte Wirth recherchéiert. Wéi eng Steng hir dobäi an de Wee geluecht goufen a firwat si elo juristesch géint d’Regierung virgeet, dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Bleift Lëtzebuerg e schlechte Schüler?

von Reporter.lu

Geschwënn ass Rentrée. Wou steet de Lëtzebuerger Schoulsystem am Joer 2024? Firwat si Reformen an der Educatioun esou schwéier? A wéi eng Projete gi méiglech Piste vir? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Podcast „On the Record“

Lëtzebuerg a seng Vëlospolitik

von Reporter.lu

Och zu Lëtzebuerg fueren ëmmer méi Leit Vëlo. D’Infrastrukture ginn deem Trend awer net gerecht. Firwat deet sech d’Politik do esou schwéier? Wou ginn et gutt Usätz? A wou gëtt et nach vill Loft no uewen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.