Ob Aarbechtsrecht oder Pensiounsreform: D’Regierung zitt d’Roserei vun de Gewerkschaften op sech. Stécht do eng Strategie dohannert? An ass dat eng effikass Manéier fir Reformen ëmzesetzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„No bausse bekennt een sech kloer zum Sozialdialog, no banne wierkt dat anescht“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“ a mengt domat d’Regierung, an do virun allem d’CSV. Mam Georges Mischo géing ee schonns en neie Stil am Aarbechtsministère gesinn. Him géing dat „politescht Feingefühl“ feelen, wéi ee kontrovers Reformen ugeet. „An et gesäit ee bei him net onbedéngt de Wëllen, fir e grousse Sozialdialog ze féieren“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

D’Virgoe bei der Pensiounsdebatt ass fir de Pol Reuter entweder eng naiv Approche oder eng bewosst Strategie vun der Regierung. Well datt déi ganz breet Diskussioun net kann zu engem Konsens féieren, datt ass fir de Politik-Reporter kloer. Eng Strategie kéint sinn, esou eng Klufft tëscht OGBL an LCGB op där enger Säit an CGFP op där aner Säit opzemaachen an d’Gewerkschaften esou ze schwächen.

Wat awer fir de Pol Reuter méi probabel ass, datt d’Regierung et ebe grad drop uleet, datt et kee Konsens beim Debat gëtt a si dann eng Propose ka maachen. Dat géif béid Koalitiounsparteien arrangéieren, well CSV an DP sech elo nach kënne bedeckt halen, sech d’Propositiounen aus dem Debat erauspicken kënnen an et herno net op si zréckfält, sou d’Aschätzung vum Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.