D’Gemeng Bettenduerf zitt sech aus de Verhandlungen zur Nordstad-Fusioun zeréck. D’Bierger wëllen e Referendum. Bréngt dat de ganze Prozess un d’Stocken? Oder ka grad elo eng nei Dynamik entstoen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„D’Aufgabeberäicher vu Gemenge ginn ëmmer méi grouss a komplex, wouduerch et och ëmmer méi schwéier gëtt, virun allem fir kleng ländlech Gemengen, déi Aufgaben ze stemmen“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. Hie schwätzt sech dofir ganz kloer fir Gemengefusiounen aus. Mee natierlech misst eng Fusioun och ëmmer passen an et missten sech déi richteg Gemenge fannen, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Datt de Gemengerot vu Bettenduerf rezent decidéiert huet, aus de Verhandlungen zur Nordstad-Fusioun erauszeklammen, bedauert hien. Och well net kloer kommunizéiert gi wier, wat dann elo déi wierklech Argumenter waren, fir dee Schrëtt ze maachen. „Et ass e bësse Kierchtuermspolitik: Hei hu mir alles ënner Kontroll a kënnen eis eegen Zopp kachen, mee wa mir elo mat deene Grousse fusionéieren, dann hu mir net méi esou vill ze soen“, fënnt de Pit Scholtes.
Ob elo zu véier oder zu fënnef, fir datt d’Nordstad eemol Realitéit gëtt, braucht et fir de Journalist, dee selwer zu Bettenduerf wunnt, vill Iwwerzeegungsaarbecht a konkret Projeten, fir de Bierger ze weisen, firwat et eng gutt Iddi ass. „An do muss d’Politik elo liwweren“, sou de Pit Scholtes.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu




