D’Koalitioun tëscht CSV an DP ass mëttlerweil säit engem Joer am Amt. A wéi enge Beräicher ass eng nei Handschrëft ze erkennen? A wou gëtt et eng Kontinuitéit zur viregter Regierung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et huet een d’Gefill, datt d’Wirtschaftsverbänn sech gehéiert spieren – eppes, wat hinne ënnert Blo-Rout-Gréng offensichtlech gefeelt huet. Op där aner Säit fillen sech elo d’Gewerkschafte benodeelegt, mee och d’ONGe wéi Ëmweltorganisatiounen.“ Dat seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ iwwert d’Approche vun der „neier“ Regierung, déi elo ee Joer um Rudder ass. Vill Kontinuitéit erkennt de Journalist vu Reporter.lu awer bei der Steier- a der Finanzpolitik. Wéi viregt Regierunge géing och d’CSV-DP-Koalitioun virun allem op Wuesstem setzen.

De Pit Scholtes gesäit gläich e puer Mesuren, déi scho Blo-Rout-Gréng hätt kéinten ëmsetzen, dat awer net gemaach huet. De Journalist vu Reporter.lu denkt do un d’Entlaaschtungen an der Steierklass 1A oder dorun, datt de Mindestloun steierfräi gëtt. Anescht beim Logement: „Do hunn CSV an DP op all déi klassesch – virun allem steierlech – Mesuren zréckgegraff, déi ee scho kannt huet. Déi haten awer net deen Impakt, deen d’Regierung sech erhofft hat“, sou de Pit Scholtes. Et dierft een deemno gespaant sinn op dat neit Joer, wann eng ganz Rei Mesuren auslafen.

Gespaant sinn dierf een och, wéi d’Regierung sech um Enn vun der Pensiounsdebatt wäert positionéieren. De Pol Reuter zweifelt dorun, datt  si do schonn e Projet am Tirang huet. De Journalist vu Reporter.lu mengt och net, datt déi heite Koalitioun eng Individualiséierung vum Steiersystem wäert ëmsetzen. „Entweder musse bestueten oder gepacste Koppelen herno méi Steiere bezuelen oder et mécht een eng Reform, déi de Staat extreem deier gëtt“, sou de Pol Reuter. An op dofir um Enn deen néidege Sputt wäert do sinn?

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema