D’Stäerkung vun der Kafkraaft ass fir d’Regierung eng absolutt Prioritéit. Mee geet den neien Entlaaschtungspak fir Bierger a Betriber duer? Oder brauch et och méi strukturell Reformen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Eng strukturell Entlaaschtung geet just mat enger Steierreform“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Well duerch déi elo getraffe Mesure géing just dat korrigéiert ginn, wat d’Leit virdrun ze vill bezuelt hätten. An e generelle Probleem wier: „Aarmutsbekämpfung ass eppes aneres wéi d’Schéier tëscht Aarm a Räich méi kleng ze maachen“, sou de Journalist vu Reporter.lu zu der erkläerter Prioritéit vun der Regierung.

Mat der Steierpolitik kéint een deemno och net alles léisen. „Am beschte Fall ginn et Aarbechtsplaze mat gudde Léin, well wann een der Regierung hier Formule ëmdréint, da kann een och soen: ouni Brutto, keen Netto“, betount de Laurent Schmit mat Verweis op dat vu Schwaarz-Blo versprachent Zil vun „méi Netto vum Brutto“.

„Dee méi Netto riskéiert engem och elo am neie Joer duerch d’Fanger ze flutschen“, sou de Journalist a mengt domat d’Onsécherheet a puncto Energiepräisser. Do geet et notamment ëm déi nei Struktur bei de Stroumtariffer, duerch déi et fir munch Bierger zu méi Ausgabe kéint kommen. De Laurent Schmit kritiséiert do d’Kommunikatioun vun offizieller Säit: „Déi Froen, déi vill Leit sech do stellen, dat ass einfach ënnerschat ginn.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.



Méi zum Thema