De Xavier Bettel ass mëttlerweil säit engem Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik mat him verännert? Wéi agéiert hien a geopolitesch brisanten Dossieren? A wéi an der Entwécklungshëllef? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„De Xavier Bettel boxt do e bëssen iwwert sengem Gewiicht“, seet de Luc Caregari a am Podcast „On the Record“ a mengt domat dem Lëtzebuerger Ausseminister säin Engagement am Noostkonflikt. Den DP-Politiker hätt Problemer, do säi Wee ze fannen. Och well hien am Schied géing stoe vun engem Jean Asselborn, deen do eng méi kloer Positioun pro Palästina gehat hätt. „De Xavier Bettel probéiert dat e bësse méi ze equilibréieren, mee deen Equiliber féiert u sech zu näischt Konkretem“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Bei aner Sujeten hätt de Xavier Bettel eng Tendenz, d’Realitéit a Form vu Mierksätz fir sech festzeleeën, fënnt de Pit Scholtes. „China ass e Partner, bei Russland läit d’Relatioun um Bueden. – mee d’Realitéit ass natierlech vill méi eng Grozon“, seet de Journalist vu Reporter.lu. Hie warnt: „Och China ass net eise Frënd an ech mengen, de Grand-Duché riskéiert do, mëttelfristeg an déi selwecht Fall ze tappen, wéi dat mat Russland geschitt ass.“

Wat d’Entwécklungshëllef ugeet, do géing de Xavier Bettel déi Muechtlosegkeet, déi hien an der Aussepolitik hätt, kompenséieren a probéieren, seng Vue duerchzesetzen, mengt de Luc Caregari. Dobäi géif hien awer souwuel ONGe wéi och deels säin eegene Ministère virun de Kapp stoussen. Dat, mee och seng Versäumnisser an der Caritas-Affär, géingen d’Fro opkomme loossen, op de Xavier Bettel dee richtege fir dee Ressort wier, sou de Luc Caregari.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema