Reporter.lu gibt es nicht nur in Form von geschriebenen Artikeln und Recherchen, sondern auch im Audioformat. Alle unsere Podcasts finden Sie hier.

Reporter-Podcast „On the Record“

Wat daacht de „Solidaritéitspak 3.0“?

von Reporter.lu

D’Sozialpartner sinn zefridde mam Accord. Mee ass d’Resultat vun der Tripartite gerecht an op der Héicht vun de Problemer? Wéi hunn sech d’Koalitiounspartner aus der Affär gezunn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Reporter-Podcast „On the Record“

Kënnt déi grouss Steierreform nach?

von Reporter.lu

D’Politik debattéiert zanter Méint iwwer eng Steierreform. Wéi eng Modeller gi proposéiert? Wéi finanzéierbar a sozial gerecht wier eng fundamental Reform vum Lëtzebuerger Steiersystem? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Reporter-Podcast „On the Record“

Affären a Kontroversen am Gemengewalkampf

von Reporter.lu

D’Gemengewale sinn den 1. Rendezvous an dësem Superwaljoer. Wéi eng Gemenge muss ee besonnesch am Bléck behalen? Wéi eng politesch Affären aus de leschte Jore kéinten en Impakt op d’Walen hunn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Reporter-Podcast „On the Record“

D’Offshore-Welt vum Patrick Hansen

von Reporter.lu

Luxaviation an säi CEO Patrick Hansen stoungen am Fokus vu 15 Medien. Wéi koum et zu der internationaler Recherche? Firwat brauch et méi Transparenz bei onduerchsiichtege Firmen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Reporter-Podcast „On the Record“

D’Hannergrënn vun der Affär Cenaro

von Reporter.lu

D’Faillite vu Cenaro schléit héich Wellen. Dës Woch koum et zu Perquisitiounen. Reporter.lu hat d’Problemer vum Promoteur revéléiert. Wéi geet et fir d’Keefer weider? Wat sinn d’Indizie fir Bedruch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Reporter-Podcast „On the Record“

D’Strategie vum Paulette Lenert

von Reporter.lu

D’Paulette Lenert wëllt Premierministesch ginn. No laangem Zécke fuerdert si de Xavier Bettel eraus. Wat ass hier an der Politik wichteg? Huet d’LSAP-Spëtzekandidatin eng reell Chance an de Walen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Reporter-Podcast „On the Record“

Den Immobiliemarché an der Sakgaass

von Reporter.lu

D’Keefer zécken, d’Promoteure waarden an d’Zënsen drécken: Den Drock ob d’Regierung wiisst an der Logementspolitik. Wéi misst op d’Kris reagéiert ginn? Ass Kritik um Loyersgesetz berechtegt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Reporter-Podcast «On the Record»

La société, c’est moi?

von Reporter.lu

En cinq ans, les affaires d’abus de biens sociaux ont doublé en volume. D’où vient cette inflation de patrons qui puisent dans les caisses de leur entreprise? Y a-t-il des parallèles entre les différents cas? Ce sont les sujets du nouvel épisode du podcast «On the Record».

Reporter-Podcast "On the Record"

Wéi geet et weider an der Ukrain?

von Reporter.lu

Virun méi wéi zéng Méint huet Russland d’Ukrain iwwerfall. Wéi huet sech de Krich zanterhier entwéckelt? Wéi huet sech d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu deem Konflikt verännert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.