D’Defense an d’Pensiounen hunn d’Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert. Wéi sinn dës Annonce vum Premier anzeschätzen? Wéi vill hunn CSV an DP erreecht a wat ass nach vun der Koalitioun z’erwaarden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
An 90 Minutten huet de Premier Luc Frieden dës Woch d’Prioritéite vu senger Regierung virgestallt. Erausgestach huet, datt nach dëst Joer honnertee Milliounen Euro méi an d’Defense fléisse sollen. „Dat Zil, wat mir eiser selwer fir 2030 ginn hunn, op 2025 virzezéien, ass schonn zimmlech sportlech“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. Et kéint och sinn, dat herno nach méi Sue mussen agesat ginn, warnt de Journalist vu Reporter.lu.
Gepräägt war dës Legislatur bis lo vun engem Konflikt tëscht der Regierung an de Gewerkschaften. Zu de Rechter vun der Gewerkschafte bei de Kollektivverträg besteet weider eng Konfusioun, erkläert de Pol Reuter. „D’OGBL-Präsidentin Nora Back seet de Modell vun der Tripartite, dee vun der Co-Decisioun wier a Fro gestallt“, betount de Journalist vu Reporter.lu. Et géife genuch Theme fir déi grouss Demonstratioun vun de Gewerkschaften am Juni ginn.
D’Pensiounsreform gehéiert zu dëse Froen. Fir d’éischt Kéier huet d’Regierung den Ufank vun engem Konzept presentéiert. Eng Konsumsteier soll de Pensiounssystem zousätzlech finanzéieren. Dat wier awer per se eng net sozial gerecht Mesure, wëll sou eng Steier net progressiv ass, erkläert de Laurent Schmit. Och d’Propos fir d’Cotisatiounsjoer ropzesetzen wier net sozial gerecht, betount de Pit Scholtes. „Et gi Leit, déi mat 18 oder mat 16 ugefaangen hunn ze schaffen an dat sinn déi, déi heirunner am meeschten ze knae wäerten hunn“, erkläert hien.
A ville Beräicher huet den Luc Frieden sech a sengen Minister eng „Mission accomplished“ ausgestallt. Dat flagrantst Beispill war de Logement. Dobäi misst sech awer nach weisen, ob d’Annoncen zur Besteierung vun Terrainen an vereinfacht Prozeduren och wierklech ëmgesat ginn. „Wann zousätzlech d’Suen ufänken ze feelen, well een se an d’Defense muss stiechen, da kéint et an der Koalitioun awer och mol knirschen an da weess een net, ob dat alles sou duerchgeet“, betount de Laurent Schmit.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.



