Vu Pensiounsreform bis Sozialdialog, d’Regierung bitt der Oppositioun vill Ugrëffsfläch. Mee notzt si déi och? Ka si politescht Kapital doraus schloen? A wa jo, wéi eng Parteien méi wéi anerer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et ass net esou gelaf, wéi de Luc Frieden dat wollt. Mee, wat hat hien sech da virgestallt?“, freet sech de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ a mengt domat dem Premier seng Annoncen zur Pensiounsreform a wéi hien dono huet missten der Oppositioun Detailer nennen, déi hie wuel net wollt verroden. „Ze mengen, datt d’Oppositioun bei sou engem Sujet net probéiert, all Detail erauszekëddelen, well si offensichtlech gemierkt huet, datt do Tensiounen an der Koalitioun sinn, dat ass jo einfach naiv“, fënnt de Journalist vu Reporter.lu.

Mat sengem Virgoen huet de Luc Frieden der Oppositioun effektiv vill Ugrëffsfläch gebueden. An déi konnten déi verschidde Parteie mol méi, mol manner fir sech notzen. „Bei der LSAP huet een awer elo d’Gefill, datt si fir déi éischte Kéier säit de Walen eng konkret an op eng kohärent Aart a Weis Oppositiounspolitik mécht, wat bis elo wierklech gefeelt huet“, seet de Laurent Schmit. De Pol Reuter geet do nëmme bedéngt mat: „Ech fanne grad d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding kritt dee kohärente Message, deen hir Partei bei de Pensiounen awer huet, net ëmmer richteg vermëttelt“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Fir de Laurent Schmit ass et par contre net esou kloer, wat den Haaptmessage ass, deen Déi Gréng an dësem Debat eriwwerbrénge wëllen. „Ech mengen, de Pensiounssystem huet jo awer ganz vill mat Wuesstem ze dinn, an do kënne si nach ëmmer keng kloer Positioun anhuelen, obwuel dat jo awer säit jeehier eng Kärfro vun hirer Politik ass“, seet hien. E ganzt kloer Konzept mat enger kohärenter Erzielung hätten dogéint Déi Lénk. „Ech mengen, dat heite war einfach och de gréisste Kaddo, deen de Luc Frieden deene Lénke maache konnt“, mengt dann och de Pol Reuter. Dat Selwecht géing fir d’Gewerkschafte gëllen, déi och vun der Virgoensweis vun der Regierung profitéieren an elo Enn Juni hir Oppositioun op der Strooss zum Ausdrock brénge wëllen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema