CSV an DP wëlle laut hirem Programm „Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken“. Wat huet d’Regierung bis elo ëmgesat? Wou muss si nach liwweren? An u wéi enge Reforme muss si sech moosse loossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Et misst een unerkennen, datt d’Regierungsparteien ee Verspriechen aus dem Walkampf direkt ëmgesat hätten: „Méi Kafkraaft, méi Netto vum Brutto“, dat war mat déi éischt Moossnam vu Schwaarz-Blo, sou de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. Allerdéngs ginn déi Entlaaschtunge mat neie Scholde finanzéiert. „D‘Regierung huet am Fong de Sputt geholl, deen och virdru schonn net do war.“ An dat hätt natierlech een Impakt op d’Ëmsetzung vum reschtleche Programm vun CSV an DP, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Dat si schonn Honnerte Milliounen Euro, déi do u Méiausgaben op Lëtzebuerg zoukommen.“Laurent Schmit

An den nächste Méint kéinten och nach weider Käschten op d’Land duerkommen, erkläert de Laurent Schmit. Sou wéi beim nächsten NATO-Sommet, wou et drëms geet, dat sougenannt 2-Prozent-Zil ëmzesetzen, oder souguer nach méi: „Dat si schonn Honnerte Milliounen Euro, déi do u Méiausgaben op Lëtzebuerg zoukommen“, sou de Journalist vu Reporter.lu. Dobäi wären am leschte Staatsbudget schonns eng Rei vun Investitiounen op déi nächst Joer gestreckt ginn. De Laurent Schmit schwätzt deemno vun enger „Ausgabenmauer“, op déi d’Regierung histeiert.

D’Journaliste schwätzen am Podcast och iwwer d’Approche vun der Regierung beim Logement – a beim Prozess iwwer eng méiglech Pensiounsreform. Déi sougenannt Consultatioun gesäit de Christoph Bumb hei ganz kritesch. Et wär schonns immens opfälleg, datt d’Koalitioun grad an ausschliisslech an dësem Beräich op Konsens setze wëll.

Ech mengen, datt d’Leit sech grad hei eng Regierung erwaarden, déi handelt.“Christoph Bumb

Dobäi géifen d’Fakte scho laang um Dësch leien. „Datt een eppes maache muss, ass laang bekannt. Datt d’Rentemauer ëmmer méi no kënnt, ass bekannt. Datt et net honnertdausend Méiglechkeete gëtt, fir eng Reform ze maachen, ass och bekannt.“

Dee grousse Paradox vum Consultatiounsprozess wier deemno, datt sech „d’Leit wuel grad an deem Beräich hei eng Regierung erwaarden, déi handelt“, an déi konkret Konzepter huet, fir effektiv „Lëtzebuerg fir d’Zukunft ze stäerken“, sou de Christoph Bumb. Dobäi géif sech elo nach méi staark weisen, datt d’Koalitiounsparteie selwer guer kee Konzept fir eng Pensiounsreform hätten.

Niewent der Ofsécherung vum Sozialsystem missten CSV an DP awer och un hirem Versprieche vun der „Simplification administrative“ gemooss ginn, soe béid Journalisten. Dat wär op all Fall eng „Mammutreform“, déi bei alle Krisen a Challengen an der Welt, als Ausdrock vun engem „schwaarz-bloe Projet“ an d’Geschicht agoe kéint – wann si dann och sou ëmgesat gëtt.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema