D’Oppositioun kritiséiert de Xavier Bettel fir säin „Zickzackkurs“ an der Palästina-Fro. Zu Recht? Wéi ass seng Aussepolitik generell ze beurteelen? Och mat Bléck op d’Konstellatioun mam Premier Luc Frieden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain, d’USA ënnert engem President Donald Trump an eng dramatesch Situatioun an der Gazasträif: Et goufe sécherlech scho mol manner ugespaant Zäiten, fir Lëtzebuerger Ausseminister ze sinn. De Xavier Bettel ass dat elo säit annerhallwe Joer an huet sech als fréiere Premier fir d’éischt mol missten a seng nei Roll erafannen. Am Moment steet hien an der Kritik vun der politescher Oppositioun wéinst sengem Revirement an der Fro, Palästina als onofhängege Staat unzeerkennen. Den Ausseminister deet sech allgemeng schwéier bei deem Thema, fënnt de Laurent Schmit: „Et muss een einfach festhalen, datt de Xavier déi Palästina-Fro als ee vu senge Kär-Dossieren erausgepickt huet, dauernd doriwwer schwätzt an awer keng konkret Resultater opzeweisen huet“, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

Säi Redaktiounskolleeg Pit Scholtes sengersäits muss den Ausseminister do e bëssen a Schutz huelen. Hien kann d’Begrënnung fir säi Revirement novollzéien, gesäit awer, wéi och de Laurent Schmit, eng prinzipiell Problematik beim Xavier Bettel, deen oft seng Positioun, an domat déi vu Lëtzebuerg net kloer erkläre kéint. Dat hätt sech och bei sengem „Veto“ am EU-Conseil géint Sanktioune géint Ruanda gewisen: „Dat war e globale Chaos, deen aleng de Xavier Bettel ugeriicht hat, e ganz grave Feeler fir en Ausseminister, deen net geschéien dierf“, seet de Laurent Schmit. „Esou Positioune gi jo am Virfeld virbereet an dat dote war jo och en Affront fir seng eege Beamten“, sou de Pit Scholtes, dee schonn a senger Analyse „Wenn Diplomatie zur Improvisation wird“ geschriwwen hat, dat de Minister d’Tendenz hätt, „off the script“ ze goen.

Ganz kritesch blécke béid Journalisten och op d’Roll vum Xavier Bettel bei der Caritas-Affär, wou hien als Kooperatiounsminister keng Sue wollt zur Disponibilitéit stellen, wat als Konsequenz hat, datt déi meescht international Projete vun der Caritas hu missten agestallt ginn. „Wat mech deemools schockéiert hat, war déi Haltung, ze soen, de Staat wier keng Kasko“, seet de Pit Scholtes, „wou en ebe grad a ville Beräicher eng Kasko ass. Dofir bezuele mir jo Steieren, fir eppes dovun ze hunn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.  „Hien huet do keng Verantwortung iwwerholl. An dat ass eng Konstant am Xavier Bettel senger politescher Karriär: Sou bal et chaud gëtt, taucht hien ënner. An déi Caritas-Affär ass exemplaresch dofir“, sou dem Laurent Schmit säi Fazit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema