D’Asylpolitik vun der Regierung steet aktuell an der Kritik. Mee mécht Schwaarz-Blo esou vill anescht wéi hir Virgänger? Oder si virun allem d’politesch Messagen anerer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„De Familljeminister setzt Familljen op d’Strooss, dat muss ee ganz einfach esou soen. De Max Hahn ass als Minister zoustänneg fir d’Flüchtlingsstrukturen an huet deen Härtefall net richteg gemanaged.“ Dat seet de Laurent Schmit a bezitt sech domat op de Fall vun enger Famill aus Venezuela, déi eng Struktur vum „Office national de l’accueil“ (ONA) huet misste verloossen – e Fall, deen eng Debatt iwwert d’Flüchtlingspolitik vun der CSV-DP-Regierung ausgeléist huet. „Et muss een als Staat seng Responsabilitéit iwwerhuelen, an dat ass d’Verantwortung vun deenen zwee Ministeren. An do kann een net einfach soen: Jo, mee elo ass awer alles voll“, sou de Journalist vu Reporter.lu am „Podcast „On the Record“.

„Dës Debatt weist alt nees, datt d’Problemer, wou Mënschen am Fong entmënschlecht ginn a just nach iwwert de Probleem geschwat gëtt a net méi iwwert d’Mënsche selwer, datt et do national Léisunge brauch“, seet sengersäits de Pol Reuter. Mee wéi an der Vergangenheet, géingen déi zoustännege Ministeren d’Responsabilitéit konsequent op d’Gemengen ofwälzen – eng Responsabilitéit, déi dës forcement net wëllen huelen, aus novollzéibaren electorale Grënn.

Datt sech den Toun vun der Regierung geännert huet, do sinn sech béid Journalisten eens. De Léon Gloden wéilt sech rhetoresch bewosst vum Jean Asselborn ofhiewen, sou de Pol Reuter. A wat d’Ausso vun de Ministeren ugeet, Schwaarz-Blo géing eng Immigratiounspolitik „mat Häerz a Verstand“ maachen, do huet de Laurent Schmit Zweifel, souwuel beim „Häerz“ wéi och beim „Verstand“.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema