De Comeback vum Donald Trump, Walen an Däitschland an eng onsécher Wirtschaftslag wäerten déi éischt Méint vum neie Joer prägen. Wat bedeit dat fir d’Weltpolitik? Wat steet fir Lëtzebuerg um Spill? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„We’ll see what happens“: Dat ass ee vum Donald Trump senge Liblingssätz. D’Onberechenbarkeet vum nächsten US-Präsident wier bal dat Eenzegt, op wat een sech bei him verloosse kann, seet de Christoph Bumb. Sou ass dat Zitat wuel och de beschte Motto fir dat, wat eis déi nächst Méint erwaart. Dat géif virun allem fir den Ukrainkrich gëllen, ma och bei der Fro vun engem méiglechen Handelskrich oder der Zukunft vun der NATO. Grad elo wieren d’europäesch Staaten allerdéngs an enger schlechter Lag, fir dësen Erausfuerderunge gerecht ze ginn, analyséiert de Chefredakter vu Reporter.lu.
Déi Widderspréch an der EU hätten och domat ze dinn, dat eng Réi Parteien a Regierungen sech un der Politik vum Donald Trump géifen orientéieren. „Et gëtt eng Tendenz zu enger paneuropäescher oder souguer nordatlantescher rietspopulistescher Beweegung, déi elo méi siichtbar ass ewéi nach virun e puer Joer.“ Déi Tendenz léisst sech grad och an Däitschland gesinn, wou eng AfD ëmmer méi de politeschen Discours bestëmmt – grad am Walkampf, dee lo ufänkt.
Bei de Wale fir de Bundestag géif et notamment ëm de wirtschaftleche Bilan vun der „Ampel-Koalitioun“ goen. Déi Perspektiv wier och fir déi Lëtzebuerger Ekonomie wichteg, déi a méi wéi enger Hinsicht vun den Nopeschlänner ofhängt. Déi wirtschaftlech Prognose fir Lëtzebuerg wieren och am neie Joer net roseg, grad och bei der Schafung vun Aarbechtsplazen, erkläert de Laurent Schmit am Podcast. Déi Aussiichte géifen och déi aktuell Debatt ëm eng Pensiounsreform méi dréngend maachen, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Déi grouss Gefor wier awer, datt um Schluss vun der sougenannter grousser Pensiounsdebatt wéineg géif erauskommen, och well sech d’Majoritéitsparteien CSV an DP intern net eens wieren, sou déi zwee Journalisten. Och bei der Dauerkris am Logement hätt d’Regierung hiert Polver mat de Steiermesurë gréisstendeels verschoss. „We’ll see what happens“ kéint deemno scho bal als Motto vun der Lëtzebuerger Politik duerchgoen – „mat der Hoffnung, datt et sou weider geet wéi bis elo“, sou ee Fazit vum Christoph Bumb.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



